Ëmlafzäit

D'Ëmlafzäit och Sideresch Period genannt, ass an der Astronomie déi Zäit, an där en Himmelskierper op senger Ëmlafbunn eng vollstänneg Ëmdréiung vun 360° ëm e Bezuchspunkt mécht.

Sideresch Period (1 no 2) a Synodesch Period (1 no 3).

Dobäi ass ze beuechten, datt et verschidde Bezuchspunkte ka ginn. Sou kann z. B. d'Ëmlafzäit vum Äerdmound mat oder ouni Arechnung vun de gläichzäitege Beweegunge vun der Äerd ëm d'Sonn ugesi ginn.

Wann een dëst méi einfach mécht, kënnt een op déi follgend Formel: 360-a²+-m/n wa k<0 ass.

Normalerweis gëtt een d'Ëmlafzäit par rapport zu engem wa méiglech statesche Bezuchssystem un;

  • Entweeder déngt dofir de Stärenhimmel, sou eng Ëmlafzäit gëtt sideresch Period (relativ zu de Stären) genannt.
  • Oder d'Ëmlafzäit gëtt am Orbitalplang gemooss, dat ass d'anomalistesch Period, d'Bunnperiod, wéi se sech aus dem drëtte Keplergesetz ergëtt. Si gëtt bei de Planéite vum Sonnesystem uginn.

De Bezuch kann awer och déi (visuell) Sonnepositioun sinn (Synodesch Period), d'Kniet vun eenzele Planéitebunnen (drakonitesch Period), de Schwéierpunkt vum ganze Sonnesystem oder vun zwéi vu senge Kierper (baryzentresch Period) oder de „Rescht vum Universum“ sinn (kuckt Inertialsystem).

Tabell: Ëmlafzäiten am Sonnesystem

D'Ëmlafzäite follegen dem newtonsche Gravitatiounsgesetz resp drëttem Kepler Gesetz:

mat

  • U d'Ëmlafzäit,
  • a d'Grouss Hallefachs,
  • M1 an M2 d'Masse vum Zentralkierper an dem Satellit,
  • G d'Gravitatiounskonstant.

Nofollgend Tabell weist d'Zäite fir d'synodesch, sideresch resp. anomalistesch Ëmlafperiode vun de Planéiten am Sonnesystem, engem Kierper an der Haaptasteroidenceinture a vun Transneptunen, soowéi vum Äerdmound, Satellitten an der Sonn (uginn an Deeg a Kalennerjoeren):

  • Ausser beim Äerdmound ass d'Differenz tëscht anomalistescher Bunnperiod a siderescher Ëmlafzäit an dëser Genauegkeet ze vernoléissegen, well d'Perizentre vun de Planéiten an Asteroide sech am Verglach zu der Ëmlafdauer nëmme minimal verréckelen (Perizentrumsdréiung).
  • Am Ënnerscheed zum Äerdmound sinn déi synodesch Ëmlafzäite beim Merkur a Venus däitlech méi laang, vu Mars un an de baussenzege Planéiten (den Ausdrock „bannen/baussen“ bezitt sech op d'Haaptasteroidenceinture, net d'Äerd) dogéint nees méi kuerz.
Objet'sideresch /
anomalistesch Ëmlafzäit

„a Bezuch zu de Fixstären /
der Bunngeometrie“
synodesch Ëmlafzäit

„a Bezuch zu der Äerd a Sonn“
ISS00001,51 Stonnen0001,53 Stonnen
Geosynchron00023,93 Stonnen0024,00 Stonnen
Äerdmound000027,322 Deeg /
000027,554 Deeg
0029,53 Deeg
Merkur000087,969 Deeg0115,88 Deeg
Venus000224,701 Deeg0583,92 Deeg
Äerd000365,256 Deeg000
Mars000686,980 Deeg0779,94 Deeg
Ceres000004,600 Joer0466,72 Deeg
Jupiter000011,862 Joer0398,88 Deeg
Saturn000029,458 Joer0378,09 Deeg
Uranus000084,014 Joer0369,66 Deeg
Neptun000164,793 Joer0367,49 Deeg
Pluto00~248,200 Joer0366,73 Deeg
Quaoar00~285,970 Joer0366,54 Deeg
Sedna~10040 000 Joer0365,29 Deeg
Sonn0~ 230 Mio. Joer000

Kuckt och

Portal Astronomie