(162173) Ryugu

Asteroid

Den Ryugu huet ongeféier 1 Kilometer am Duerchmiesser a besteet aus wéineg verännertem, 4,5 Milliarde Joer alem Material.

(162173) Ryugu
Eegenschafte vum Orbit
OrbittypApollo-Asteroid
BezuchspositiounEquinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs1,1895 A.E.
Exzentrizitéit0,1903
Sideresch Ëmlafzäit473,87 d
Inklinatioun5,8839 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser0,9 km
Rotatiounsperiod7,63 h
Albedo0,07
Absolut Hellegkeet19,173
SpektralklassCg
Entdeckung
EntdeckerLINEAR
Entdeckungsdatum10. Mee 1999
PlazSocorro


D'Form vum Asteroid gouf virum Untreffe vun der Sond Hayabusa 2 "éischter ronn" geschat. Éischt Fotoe weise seng Gestalt als "iwwerraschend scharfkanteg" an oktaederfërmeg mat engem däitlech profiléierte Wampli um Equator. Et gëtt spekuléiert, datt den Asteroid vielläicht fréier méi séier rotéiert hat an duerch d'Fléikraaft Material vun de Polen zum Equator beweegt gouf.

Hayabusa-2-Missioun

  Haaptartikel zu dësem Theema: Hayabusa 2 

Den (162173) Ryugu gouf als primären Zilobjet fir déi japanesch Hayabusa-2-Missioun erausgesicht, déi den 3. Dezember 2014 gestart ass. Bei der Marco-Polo-Missioun vun der ESA am Kader vun hirem Cosmic Vision-Programm gehéiert en och zu de méiglechen Ziler.

D'japanesch Raumfaartagentur JAXA hat 2015 en ëffentleche Concours fir en Numm ze fannen, ausgeschriwwen[1]. Den 28. September 2015 gouf en nom Ënnerwaasserpalais vum Draachegott aus enger japanescher So genannt. E Fëscher hat de Palais besicht an hat eng schwaarz Këscht mat Geheechnesser zeréckbruecht. An Analogie dozou besicht d'Hayabusa 2 den Asteroid a bréngt eng Këscht mat Gestengsprouwen zeréck.

Fotoen, déi d'Sond Hayabusa 2 vum 18. Juni 2018 un, aus knapps 60 Kilometer Distanz opgeholl hat, weisen opfälleg Uewerflächestrukturen. Éischt Miessunge weisen eng Uewerflächentemperatur vun 30 bis 100 °C.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen