2. Arrondissement vu Paräis

ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis

Den 2. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de la Bourse ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Mat nëmmen 99 Hektar ass et de klengsten Arrondissement vu Paräis.

2. Arrondissement vu Paräis
QuartierenGaillon,
Vivienne,
Mail,
Bonne-Nouvelle
BuergermeeschterJacques Boutault
Awunner21.119
Fläch0,99 km²
Postcode75002
INSEE-Code75102
Koordinaten48°52'0,8"N, 2°20'25,7"O


En ass entstanen duerch d'Ausdeenung vun der Stad an nërdlecher Richtung wärend dem 15. a 16. Joerhonnert. Éischt Baute goufen et awer schonn am 14. Joerhonnert. D'Stadmauer déi vum Charles V. opgeriicht gi war, ass deemools scho bis bei déi haiteg Rue d'Aboukir gaangen. Ënnert dem Louis XIII. huet sech d'Stad am 16. Joerhonnert bis un den nërdleche Bord vum Arrondissement vergréissert, bis do wou haut d'Grands Boulevards verlafen.

Geographesch Lag

Den 2. Arrondissement läit nërdlech vum zentralen 1. Arrondissement, stéisst am Osten un den 3. an am Norden un den 9. an 10. Arrondissement.

Quartieren

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 5. Quartier Gaillon
  • 6. Quartier Vivienne
  • 7. Quartier du Mail
  • 8. Quartier de Bonne-Nouvelle

Biller

Kuckeswäertes

Kleng Auswiel:

  • Palais Brongniart mat enger Ausstellung iwwer d'Bourse, haut e Siège vun der Euronext, fréiere Sëtz vun der Bourse des valeurs
  • Al franséisch Nationalbibliothéik (Site Richelieu-Louvois)
  • Notre-Dame-des-Victoires
  • Notre-Dame-de-Bonne-Nouvelle
  • Opéra-Comique
  • Galerie Colbert, Geschäftsgalerie
  • Galerie Vivienne, Geschäftsgalerie

Um Spaweck

Commons: 2. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten