Alec Guinness

brittesche Schauspiller

De Sir Alec Guinness, CH CBE, gebuer den 2. Abrëll 1914 zu Paddington, London, a gestuerwen de 5. August 2000 zu Midhurst, West Sussex, England, war en englesche Schauspiller.

Alec Guinness
GebuertsnummAlec Guinness de Cuffe
Gebuer2. Abrëll 1914
Marylebone
Gestuerwen5. August 2000
Midhurst
DoudesursaachLiewerkriibs
NationalitéitVereenegt Kinnekräich
AktivitéitFilmschauspiller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Member vunAmerican Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet matMerula Salaman
KannerMatthew Guinness

No enger fréier Karriär op der Bün huet hien an den 1950er an 1960er Jore mat groussem Succès a sougenannten Ealing Comedies matgespillt, dorënner The Ladykillers a Kind Hearts and Coronets (woudran en aacht verschidde Rollen hat). Am bekanntste gouf en duerch seng Zesummenaarbecht mam David Lean an deem senge Filmer: als Herbert Pocket a Great Expectations (1946), Fagin an Oliver Twist (1948), de Col. Nicholson an The Bridge on the River Kwai (1957, woufir en den Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll krut), de Prënz Faisal a Lawrence of Arabia (1962), de Yevgraf an Doctor Zhivago (1965), an als Professor Godbole an A Passage to India (1984). Och fir seng Roll als Obi-Wan Kenobi am George Lucas senger Original-Star Wars-Trilogie gouf hie wäit bekannt.

De Guinness war, zesumme mam Laurence Olivier a mam John Gielgud, ee vun den dräi brittesche Schauspiller, déi nom Zweete Weltkrich de Sprong vu klassesche Shakespeare-Theaterrollen an Hollywood-Blockbuster gepackt hunn. Nieft dem Oscar huet den Alec Guiness e BAFTA Award, Golden Globe an en Tony Award gewonnen. 1959 gouf hie vun der Kinnigin Elizabeth II. fir säi Verdéngscht ëm d'Konscht geadelt.

Filmographie

Kino

vun 1946 bis 1949

  • 1946: Great Expectations, vum David Lean mam John Mills an Jean Simmons
  • 1948: Oliver Twist, vum David Lean mam Robert Newton a Kay Walsh
  • 1949: Kind Hearts and Coronets, vum Robert Hamer mam Dennis Price a Valerie Hobson
  • 1949: A Run for Your Money, vum Charles Frend mam Donald Houston an Hugh Griffith

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1994

TV

  • 1955: Baker's Dozen, vum Desmond Davis mam Robert Morley a Pamela Brown
  • 1959: Startime, (TV-Serie) (1 Episod)
    • The Wicked Scheme of Jebal Deeks, vum Franklin J. Schaffner mam Charles Coburn a Patricia Barry
  • 1969: ITV Saturday Night Theatre, (TV-Serie) (1Episod)
    • The Wicked Scheme of Jebal Deeks, vum John Sichel mam Tommy Steele a Ralph Richardson
  • 1974: The Gift of Friendship, vum Mike Newell mam Sarah Badel a Michael Gough
  • 1976: Caesar and Cleopatra, vum James Cellan Jones mam Geneviève Bujold
  • 1979: Tinker Tailor, Soldier Spy, (TV-Serie) (7 Episoden)
    • Return to the Circus, vum John Irvin mam Terence Rigby an Alexander Knox
    • Tarr Tells His Story, vum John Irvin mam Michael Jayston an Anthony Bate
    • Smiley Tracks the Mole, vum John Irvin mam Michael Jayston an Ian Richardson
    • How It All Fits Together , vum John Irvin mam Michael Jayston an George Sewell
    • Tinker Tailor, vum John Irvin mam Michael Jayston an Ian Bannen
    • Smiley Sets a Trap, vum John Irvin mam Ian Bannen an Joss Ackland
    • Flushing Out the Mole, vum John Irvin mam Michael Jayston
  • 1980: Little Lord Fauntleroy, vum Jack Gold mam Ricky Schroder a Colin Blakely
  • 1982: Smiley's People, (TV-Mini-Serie) (6 Deeler vu 60 Minutten)
    • Deel 1, vum Simon Langton mam Curd Jürgens an Eileen Atkins
    • Deel 2, vum Simon Langton mam Curd Jürgens an Eileen Atkins
    • Deel 3, vum Simon Langton mam Mario Adorf a Beryl Reid
    • Deel 4, vum Simon Langtonmam Mario Adorf a Barry Foster
    • Deel 5, vum Simon Langton mam Michael Lonsdale a Barry Foster
    • Deel 6, vum Simon Langton mam Michael Lonsdale a Michael Byrne
  • 1984: Edwin, vum Rodney Bennett mam Renée Asherson
  • 1987: Great Performances, (TV-Serie) (1 Episod)
    • Monsignor Quixote, vum Rodney Bennett mam Leo McKern
  • 1992: Performance, (TV-Serie) (1 Episod)
  • 1993: Screen One, (TV-Serie) (1 Episod)
    • A Foreign Field, vum Charles Sturridge mam Leo McKern
  • 1996: Eskimo Day, vum Piers Haggard mam Maureen Lipman an Tom Wilkinson

Um Spaweck

Commons: Alec Guiness – Biller, Videoen oder Audiodateien