Alliéiert am Zweete Weltkrich

Déi Alliéiert am Zweete Weltkrich loosse sech no der Period vum Krichsverlaf an der Roll vun de concernéierte Staaten ënnerscheeden:

Ursprénglech Alliéiert

am Sënn vun de Garantieerklärunge vun 1939:

Alliéiert vu Groussbritannien am Sënn vum Allied Forces Act vun 1940

Mam Allied Forces Act vum brittesche Parlament vum 22. August 1940 kruten d'Exilregierunge vu follgenden okkupéierte Staaten d'Méiglechkeet, Truppen op britteschem Buedem opzestellen an z'ënnerhalen:

Méi spéit gouf d'Gesetz och op follgend Staaten ausgebreet:

18.000 polnesch, 15.000 norwegesch a weider Dausende vun Zaldote vun de besaten Natiounen hunn an der brittescher Arméi gekämpft.

Haaptalliéiert

Op der Arcadia-Konferenz zu Washington gouf den 1. Januar 1942 mat der Deklaratioun vun de Vereenten Natiounen d'Anti-Hitler-Koalitioun formell gegrënnt. Dodra sinn d'Haaptalliéiert:

No de Virstellunge vum US-President Franklin D. Roosevelt sollten dës "Big Four", de Fridden an de véier wichtegste Weltregioune garantéieren an do als als Polizeimuechte vun de Vereenten Natiounen fungéieren (déi spéiderhin eng fest Struktur kréie sollten).

Frankräich gouf eréischt no senger Befreiung 1944 an der Bedeelegung um Krich géint Däitschland als Haaptalliéierten ugesinn. Et krut och e permanente Sëtz am UN-Sécherheetsrot souwéi eng vun de véier Besatzungszonen an Däitschland an an Éisträich zouerkannt.

Weider Alliéiert

  • Brasilien (vun 1944 un, wéi d'Força Expedicionária Brasileira sech 1944 un der Italiencampagne bedeelegt huet)

Vun den Achsemuechte besat Länner, déi sech am Macquis, duerch Partisanen- oder Resistenzaktiounen géint de Besatzer gewiert hunn

  • Zweet Polnesch Republik (1939 vum Däitsche Räich an der Sowjetunioun besat; representéiert vun der polnescher Exilregierung)
  • Tschechoslowakei (representéiert vun der tschechoslowakescher Exilregierung)
  • Kinnekräich Albanien (vum 7. Abrëll 1939 u vun Italie besat)
  • Norwegen (vum 9. Abrëll 1940 u vum Däitsche Räich besat)
  • Dänemark (vum 9. Abrëll 1940 u vum Däitsche Räich besat)
  • Belsch (vum 10. Mee 1940 u vum Däitsche Räich besat)
  • Holland (vum 10. Mee 1940 u vum Däitsche Räich besat)
  • Lëtzebuerg (vum 10. Mee 1940 u vum Däitsche Räich besat)
  • Griicheland (vum 21. Abrëll 1941 u vun Italien, dem Däitsche Räich a Bulgarien besat)
  • Jugoslawien (vum 6. Abrëll 1941 u vum Däitsche Räich, Italien, Ungarn, Rumänien a Bulgarien besat)