Moien,

A merci fir Är éischt Artikelen!

Wann Der nei bei Wikipedia sidd, fannt Der heidrënner e puer allgemeng Rotschléi.

Op eng gutt Zesummenaarbecht!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:07, 12. Jul. 2021 (UTC)


Moien Dewilda,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Wikiiessen 2022

Léiwe Wikikolleeg,

Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:21, 19. Jan. 2022 (UTC)

Quebracho

Moien Daniel Wilmes,

Du schreifs: 1895 gouf op Initiative vu Lëtzebuerg (deemools am Däitschen Zollveräin) e "Gerbstoffzoll" agefouert, fir sou déi lëtzebuergesch Louschläisserte virun der Konkurrenz vum Quebraco aus Argentinien ze schützen.[1]

Aus där Referenz geet awer leider net ervir datt deen Zoll agefouert gouf. Deemno wier dat wat s du schreifs net richteg. --Les Meloures (Diskussioun) 18:16, 30. Jan. 2022 (UTC)

Gudden Owend,
Am Wort vum 27.9.1902 liesen ech eraus dat se agefouert ginn ass.
Wann s du dat net esou gesäis änneren ech gären den Text, datt Lëtzebuerg eng Propos gemaach huet. Daniel Wilmes (Diskussioun) 18:32, 30. Jan. 2022 (UTC)
Remoien
Ech hunn net am Wort vum 27.09.1902 nogekuckt, well deng Referenz ass d'Wort vum 1. Februar 1895.
Du has dann eeben eng falsch Referenz uginn. --Les Meloures (Diskussioun) 18:52, 30. Jan. 2022 (UTC)
Soll ech dann déi 2 Referenzen ungin?
Kanns de gär maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:09, 30. Jan. 2022 (UTC)
PS. Ech hunn lo och déi aner gekuckt. Ech fannen och do net eraus ob en aneren Tarif agefouert gouf oder net. --Les Meloures (Diskussioun) 19:42, 30. Jan. 2022 (UTC)
Dann nach eng: Den Artikel mam Titel Die Quebracho Zollfrage steet a kenge vun deenen zwou déi s de uginn hues, mä am Wort vum 26. Dezember 1894.
Vläicht net grad sou liichtfankeg mat Referenzen ëmgoen, an nëmme Saache schreiwen déi stëmmen, an net probéieren, Saachen op eng komesch Manéier z'interprtéieren an dat als wouer duerzestellen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:53, 30. Jan. 2022 (UTC)

Fichier

Moien,

am Fichier iwwer d'Jeeërausbildung deen s de eropgelueden hues stinn en ettlech Feeler. E soll deemno net sou gegebraucht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:59, 15. Feb. 2023 (UTC)

Moien, hunn daat am Excel gemaach, ech fannen den PDF net gutt, kucke en JPG draus ze maachen. Kanns de mir soen wat falsch ass? Merci. Dewilda (Diskussioun) 09:08, 15. Feb. 2023 (UTC)
Dat kann ech maachen, mä just eng Fro: Wier et net besser dat als Wikitabell ze maachen? --Les Meloures (Diskussioun) 09:34, 15. Feb. 2023 (UTC)
Ok, och eng Iddi, probéieren dat dann emol. Sou mir w.e.g. awer wat falsch ass, dann ass déi Etappe schonns gemaach.;-) Dewilda (Diskussioun) 09:47, 15. Feb. 2023 (UTC)


  • Zäitleche Oflaf vun der Jeeërausbildung → Zäitlechen Oflaf vun der Jeeërausbildung
  • Ofginn vum Praktikumsbichelchen → Ofgi vum Praktikumsbichelchen
  • Formatioune → Fomatiounen
  • Schrëftleche Examen → Schrëftlechen Examen
  • Mëndleche Examen → Mëndlechen Examen

--Les Meloures (Diskussioun) 10:00, 15. Feb. 2023 (UTC)

Merci! Dewilda (Diskussioun) 10:10, 15. Feb. 2023 (UTC)