Enzyklopedie

Enzyklopedie (algriichesch ἐγκύκλιος παιδεία = "enkyklios paideia", enkýklios = kreesfërmeg a paideía = Léier, Bildung) beschreift ursprénglech (zirka -5. Joerhonnert) eng universal Bildung am Sënn vun engem "studium generale".

Encyclopédie vum Diderot an dem Alembert

Eréischt am Zäitalter vun de Lumières ass an der Neizäit duerch d'Aarbechte vun de franséischen Enzyklopedisten Denis Diderot a Jean d'Alembert de Begrëff vun enger "scientia generalis" (Allgemengwëssen, Allgemengwëssenschaft) entstanen. Vun elo u bezeechent de Begrëff Enzyklopedie souwuel sou eng Wëssenschaft wéi hiert Resultat, d'Duerstellung vum komplette Wëssen (oder op d'mannst de Versuch vu sou enger kompletter Duerstellung) .

Wéi déi franséisch Enzyklopedisten dunn hiert gesammelt Wëssen a Form vun alphabeteschen Noschlowierker zougänglech gemaach hunn, gouf de Begrëff Enzyklopedie séier zur Bezeechnung vun engem enzyklopedesche Lexikon.

Am Géigesaz zu den Enzyklopedien erhiewe weeder Dictionnairen, nach Lexikonen a Fachlexikonen den Usproch, vollstänneg Wierker ze sinn. Enzyklopedië baséieren op engem Wësse vun Autoritéiten an hirem Fachberäich an op valide Quellen a ka mat Beispiller an Illustratioune komplettéiert ginn.

Literatur

  • Robert Collison: Encyclopaedias. Their history throughout the ages. A bibliographical guide with extensive historical notes to the general encyclopaedias issued throughout the world from 350 B.C. to the present day. New York, London: Hafner 1964
  • Walter Goetz: "Die Enzyklopädien des 13. Jahrhunderts. Ein Beitrag zur Entstehung der Laienbildung". In: Zeitschrift für deutsche Geistesgeschichte. Jg. 2, H.1-3, 1936. S. 227-250
  • Jürgen Henningsen: "Enzyklopädie". Zur Sprach- und Bedeutungsgeschichte eines pädagogischen Begriffs. In: Archiv für Begriffsgeschichte 10 (1966). S. 217?362
  • Carsten Zelle (Hrsg.): Enzyklopädien, Lexika und Wörterbücher im 18. Jahrhundert. Göttingen 1998
right

Bekannt Enzyklopedien

Numm(Ënner-)TitelMediumArtikelenWierderWierder pro
Artikel
BillerVideoenAudiofichierenWebsäiten
Encyclopédie vum Diderot a vum d'AlembertEncyclopédie ou Dictionnaire raisonné des sciences, des arts et des métiers, erauskomm vu 1751 bis 177228 Bänn
(17 Text- an 11 Tafelbänn)
71.81820 Mio.2782.885kengkengkeng
BritannicaEncyclopædia Britannica (EB)32 Bänn>65.00044 Mio.677>24.000kengkeng?
BritannicaBritannica Ultimate Reference Suite 20056 CDen oder 1 DVD>100.000>54 Mio.540>17.650 zesummen165.000
BrockhausDie Enzyklopädie, 21., neu bearbeitete Auflage, 2005 bis 200630 Bänn>300.00033 Mio.110>40.000kengkeng?
BrockhausDie Enzyklopädie digitalUSB-Stick an 2 DVDen>300.00033 Mio.110>40.0003003000/ 70 Stonnen>22.000
Enciclopedia universal ilustrada europeo-americanaEnciclopedia Espasa 200490 Bänn + 1 DVD>900.000>200 Mio.222>100.000???
Encyclopaedia UniversalisEncyclopaedia Universalis - édition 200830 Bänn>30.000??17.000 zesummen>1.500
Encyclopédie Universelle LarousseL'Encyclopédie Universelle Larousse 20034 CDe oder 1 DVD>150.000>25 Mio.16710.500 zesummen2.300
GEO ThemenlexikonDas Werk, das Wissen zum Erlebnis macht 200620 Bänn>30.000??>8.500kengkeng?
Microsoft EncartaEnzyklopädie Professional 20071 DVD>50.000>20 Mio.400>24.000>300>2.8006.000
MeyersMeyers Enzyklopädisches Lexikon in 25 Bänden 9. Auflage 1971 bis 197925 Bänn>250.000???kengkengkeng
MeyersMeyers Großes Taschenlexikon in 26 Bänden26 Bänn + CD>150.000??>5.000kengkeng?
Pauly-WissowaPaulys Realencyclopädie der classischen Altertumswissenschaft (1890–2000)86 Bänn an eng CD????kengkengkeng
WikipediaDie freie Enzyklopädie (deutsch)online, PDA, Mobiltelefon, CD-ROM, DVD, Täschebicher>935.000>400 Mio.>550>420.000?>200>670.000
WikipediaThe free encyclopedia (englisch)online, ?>2.700.000>1 Mrd.500>1.200.000??>2.600.000
WikipediaDie freie Enzyklopädie (mehrsprachig)online, ?>10.000.000>2,5 Mrd.312>3.500.000??>5.000.000

Um Spaweck

Commons: Enzyklopedien – Biller, Videoen oder Audiodateien