Op den Inhalt sprangen

Berserk (Manga)

Vu Wikipedia
Berserk
LandJapan
SproochJapanesch
Erauskomm1989
AuteurKentaro Miura


Berserk (ベルセルク, Beruseruku) ass e Manga vum japanesche Mangaka Kentarō Miura (三浦 建太郎). 1989 koum Berserk fir d'éischt offiziell op de Maart. De Manga gehéiert zu der Kategorie vun de Seinen. Berserk gëtt no 30 Joer nach ëmmer vum Kentarō Miura produzéiert.[1] Zanter 2003 gëtt de Manga och fir den internationale Marché vun Dark Horse Manga publizéiert.[2] 2002 krut de Kentarō Miura fir de Manga Berserk den Osamu-Tezuka Kulturpräiss an der Kategorie fir Exzellenz.[3]

HandlungQuelltext änneren

Black Swordsman Arc:Quelltext änneren

En Eenzelgänger mat engem risege Schwäert mécht sech op de Wee an d'Duerf Koka. Hien ass op der Sich no den Apostelen, déi wëssen, wou sech d'God Hand ophält. Ënnerwee bréngt Hien e weiblecht Monster ëm. Soubal hien am Duerf ukënnt, leet sech de Schwäertkämpfer mat de lokale Banditten un. Ongewollt befreit hie sou eng Fee mam Numm Puck, déi zu engem vu sengen treie Begleeder gëtt. D'Fee nennt den onbekannte Kämpfer Guts. De Guts léisst just ee vun de Banditte liewen, fir datt deen dem Chef vum Duerf d'Noriicht ka bréngen, datt de Black Swordsman no him sicht. Nodeems de Snake Lord, ee vun den Apostelen, gewuer gëtt, datt de Guts am Duerf ass, mécht e sech op de Wee fir de Guts ze konfrontéieren. Ënnerwee brennt hien d'Duerf nidder. De Guts stellt sech dem Dämon an de Wee a ka géint e gewannen. Hien interrogéiert de Snake Lord fir gewuer ze ginn wou d'God Hand ass. Dono iwwerléisst de Guts den Dämon de Flame vum brennenden Duerf. Méi spéit konfrontéiert de Guts de Count, en aneren Apostel. Eng Grupp Garden, ënnert dem Kommando vum Zondark, verfollegen de Guts. Hie flücht zesumme mat engem Mann, dem Vargas, an e Labo. De Vargas zielt dem Guts vun engem geheime Gank fir an dem Count säi Schlass. Hie gëtt dem Guts och e Beherit, en dämonescht Artefakt, dat hie viru 7 Joer vum Count geklaut hat. Kuerz dono ginn de Guts an de Vargas erëm vum Zondark ugegraff, déi zwéi kënnen awer erëm flüchten. De Vargas gëtt méi spéit gefaange geholl a vum Count exekutéiert. De Guts schwiert doropshin, dem Vargas säi Plang ëmzesetzen a sech duerch de geheime Gank an d'Buerg ze schläichen. Um Wee fir bei de Count kämpft hien eng weider Kéier géint de Zondark a kann dëse besäitegen. De Count verwandelt sech an en Dämon. Mat Hëllef vum Puck kann de Guts dem Count säi Meedchen, d'Theresia, als Geisel huelen. De Guts notzt d'Oflenkung, fir den Dämon schwéier ze blesséieren. Dëse notzt de Beherit fir d'God Hand ze beschwieren.  De Femto, e Member vun de God Hand, daucht op an de Guts gëtt kloer rosen. De Femto wiert dem Guts seng Attacke mat Liichtegkeet of a verlaangt dem Count seng Duechter als Sacrifice. De Count kënnt dëser Demande awer net no a gëtt dofir an d'Hell gezunn. De Guts ka sech befreien a verhënnert mat engem Schoss aus senger Aarmwaff, datt hien och an d'Hell gezu gëtt. Zeréck and der reeller Welt rett de Guts d'Theresia virum Suicide. Dem Count seng Duechter gëtt dem Guts d'Schold um Doud vu sengem Papp a schwiert Revange. De Guts geet senger Wee...[4]

Golden Age Arc:Quelltext änneren

De Golden Age Arc ass zäitlech virum Black Swordsman Arc situéiert. An dësem Deel vun der Geschicht gëtt erzielt, wéi de Guts zum Black Swordsman gëtt. D'Geschicht ass ganz stark vum europäesche Mëttelalter inspiréiert. Zanter ronn 100 Joer bekriche sech d'Kinnekräich Midland an d'Tudor Imperium. De Guts besäitegt an enger Schluecht e renomméierte Kämpfer mam Numm Bazuso. De Griffith, de Leader vun enger Sëldnerband, gëtt sou op de Schwäertkämpfer opmierksam. De Griffith fuerdert de Guts zu engem Duell eraus. Wann de Guts verléiert, muss hien der Band of the Falcon, dem Griffith senger Sëldnerband, bäitrieden.

De Griffith bezwéngt de Guts an d'Geschicht hëlt hire Laf. Dräi Joer laang kämpft de Guts fir d'Band of the Hawk. D'Sëldnerband gewënnt hir Schluechten an duerch hir Renommee gëtt de Kinnek vu Midland op d'Band opmierksam. Hien engagéiert d'Band of the Hawk fir op senger Säit ze kämpfen. Wéi de Griffith a seng Band eng Festung belageren treffe si op de Zodd. De Zodd ass e legendäre Schwäertkämpfer, deen als onstierflech gëlt. De Guts kann dëse blesséieren an de Zodd weist sech dorops hin a senger richteger Dämoneform. De Zodd léisst si awer liewen nodeems hien dem Griffith säi Beherit gesäit. D'Band of the Hawk kann d'Festung Doldrey zeréckerueweren. Dëst ass d'Enn vum Honnertjärege Krich.

De Guts ass onzefridden, dem Griffith sengen Dreem nozelafen. An engem weideren Duell tëschent deenen zwéi kann de Guts sech duerchsetzen a geet senger Wee fir  seng eegen Dreem ze verfollegen. De Griffith gëtt net fäerdeg domat, säi beschter Kämpfer verluer ze hunn a verléiert de Verstand. Hie schläicht sech an der Prinzessin Charlotte vu Midland hiert Zëmmer a schléift mam adelege Meedchen. Den Dag dono gëtt hie festgeholl an zu engem Joer Folter verurteelt. D'Band of the Hawk gëtt als Staatsfeinde verbannt. E Joer méi spéit gëtt de Guts gewuer wat geschitt ass a schléisst sech nees der Band of the Hawk un.

D'Sëldnerband befreit de Griffith, an d'Prinzessin Charlotte decidéiert mat hinnen ze goen. Verfollegt vun enger Band vu Mäerder muss d'Grupp d'Prinzessin zeréckloossen. Obwuel d'Prinzessin hire Papp dorëms biet, de Griffith a seng Band goen ze loossen, schéckt deen d'Black Dog Guards, ënner dem Kommando vum Wyald, fir s'all ze ermuerden. An enger eepescher Schluecht kann de Guts de Wyald bezwéngen, mee brécht säi Schwäert dobäi. De Wyald kann de Griffith festhuelen. De Griffith benotzt doropshi säi Beherit a kritt nei Liewensenergie. Doduerch gëtt déi fënneft Eklips lancéiert an de Griffith trëtt der God Hand als leschte Member, ënnert dem Numm Femto, bäi. Nëmmen d'Casca, e Member vun der Band of the Hawk, dat eng Romanz mam Guts huet, an de Guts selwer kënnen den Event[onkloer] iwwerliewen. De Guts verléiert een Aarm an een A. D'Casca gëtt wärend der Eklips vum Femto vergewaltegt. De Guts schwiert, d'God Hand ze vernichten. Vun engem Schmadd, dem Godot, kritt hien en neit Schwäert, mam Numm Dragon Slayer, gemaach. De Godot mécht him och eng Rüstung, d'Berserk Armor, an installéiert him eng Aarmprothees mat enger Kanoun. De Guts mécht sech dono op de Wee fir seng Revanch an nennt sech ewell de Black Swordsman… [5]

Conviction Arc:Quelltext änneren

De Conviction Arc erzielt d'Geschicht direkt nom Black Swordsman Arc weider. De Guts an d'Puck treffen op eng Grupp Banditten, déi e Meedchen, d'Jill, gefaangen halen. D'Banditte lafe virun engem Bam fort, dee vu béise Geeschter besiess ass. De Guts kämpft bis moies fréi mam Bam-Monster. D'Jill bréngt de Guts an d'Puck dono a säin Duerf. Vun den Duerfbewunner gi si vun engem mysteriéisen niwwelegen Dall, vun Attacken op d'Duerf a Kanner, déi vun Elfen entfouert ginn, gewuer. Kuerz drop gräifen d'Elfen d'Duerf un. Wärend de Guts mat den Elfe kämpft, fënnt d'Puck eraus, datt d'Elfe selwer déi entfouert Kanner sinn.

Nodeems d'Elfe sech abrupt zeréckgezunn hunn, gräifen d'Duerfbewunner de Guts un. Si geheien him vir, d'Duerf zerstéiert ze hunn an datt hien d'Kanner ëmbruecht hätt. De Guts hëlt d'Jill als Geisel fir z'entkommen. No senger Flucht léisst de Guts d'Jill erëm fräi.

Falcon of the Millennium Empire Arc:Quelltext änneren

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fantasia Arc:Quelltext änneren

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Verkafszuelen[6]Quelltext änneren

DatumJapanInternationalTotal
29. Mäerz 199910 000 000/10 000 000
11. Februar 200520 000 000/20 000 000
13. Januar 200621 000 000/21 000 000
28. Abrëll 200621 500 000/21 500 000
8. Juni 200621 500 0004 000 00025 500 000
28. Mäerz 200823 000 0004 000 00027 000 000
25. Juni 201024 000 0007 000 00031 000 000
28. Mäerz 201325 000 0008 500 00033 500 000


Multimedial ËmsetzungQuelltext änneren

Kempū Denki Berserk (剣風伝奇ベルセルク), (Anime, 1997)Quelltext änneren

1997 koum eng éischt animéiert Adaptatioun mam Numm Berserk eraus. Se baséiert um Golden Age Arc. Den Anime setzt sech aus 25 Episoden zesummen an ass vum Kentarō Miura mat produzéiert ginn.[7] Déi animéiert Serie ass vum Studio Oriental Light and Magic produzéiert ginn a baséiert op den 13 éischte Bänn vum Manga.[3]

Berserk: The Golden Age Arc (2013)Quelltext änneren

2013 koumen 3 animéiert Filmer eraus ënnert dem Numm Berserk: The Golden Age Arc. D'Geschicht behandelt de Golden Age Arc, mee hält sech net eent zu eent un d'Storyline vum Manga.

Berserk (Anime, 2016)Quelltext änneren

2016 koum eng zweet Anime-Serie eraus. D'Geschicht behandelt de Conviction Arc. Déi zweet Saison (2017) behandelt den éischten Deel vum Falcon of the Millennium Empire Arc.

Berserk and the Band of the Hawk (Videospill, 2017)Quelltext änneren

Den 21. Februar 2017 koum e Computerspill vun der Firma Koei Tecmo Games Co., Ltd., mam Numm Berserk and the Band of the Hawk eraus.[8]

Bibliographie[9]Quelltext änneren

Black Swordsman ArcQuelltext änneren

VolumeQuelltext änneren

Japenesche ReleasedatumQuelltext änneren

Europäesche ReleasedatumQuelltext änneren

126. November 199022. Oktober 2003
226. Februar 199114. Januar 2004
325. Oktober 199114. Abrëll 2004

Black Swordsman & Golden Age ArcQuelltext änneren

426. Februar 199214. Juli 2004

Golden Age ArcQuelltext änneren

529. Mäerz 199313. Oktober 2004
629. September 199319. Januar 2005
729. Mäerz 199411. Mee 2005
829. September 199413. Juli 2005
929. Mäerz 199512. Oktober 2005
1029. September 199525. Januar 2006
1129. Mäerz 199612. Abrëll 2006
1227. September 199612. Juli 2006
1327. Mäerz 199727. September 2006

Golden Age & Conviction ArcQuelltext änneren

1429. September 19976. Dezember 2006

Conviction ArcQuelltext änneren

1529. Januar 199831. Januar 2007
1626. August 199828. Mäerz 2007
1729. Mäerz 199930. Mee 2007
181. Oktober 199925. Juli 2007
1929. Mäerz 200026. September 2007
2027. Oktober 200028. November 2007
2129. Mee 200123. Januar 2008

Falcon of the Millennium Empire ArcQuelltext änneren

2219. Dezember 200126. Mäerz 2008
2328. Juni 200228. Mee 2008
2419. Dezember 200223. Juli 2008
2527. Juni 200324. September 2008
2619. Dezember 200326. November 2008
2729. Juli 200428. Januar 2009
2828. Februar 200525. Mäerz 2009
2929. September 200527. Mee 2009
3029. Mäerz 200622. Juli 2009
3129. September 200630. September 2009
3229. November 200725. November 2009
3324. Oktober 200827. Januar 2010
3425. September 200915. September 2010
3529. September 201021. September 2011

Fantasia ArcQuelltext änneren

3623. September 201119. September 2012
3729. Mäerz 201320. November 2013
3824. Juni 20165. Juli 2017
3923. Juni 201711. Juli 2018
4028. September 201825. September 2019

Referenzen

🔥 Top keywords: HaaptsäitJean SimmonsSpezial:Rezent ÄnnerungenSpezial:SichenWikipedia:KontaktWikipedia:De StamineeWikipedia:CommunautéitssäitZweete WeltkrichBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Wikipedia:General disclaimerWikipediaStater TramWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaPol LeursLëtzebuerg (Land)Wikipedia:AktualitéitWikipedia:WëllkommEchium candicansLëtzebuergeschWikipedia:LäschenIsaiah WilsonPortal:TechnikClaire SchmartzAlternativ Demokratesch ReformparteiAli RuckertRobert FicoUniversitéit AirlanggaParkscheifSchabloun:EuropastroossenBenotzer Diskussioun:RomaineMarie-Antoinette vun ÉisträichKanton DikrechWikipedia:KategorienLëscht vun de Kierfechter zu LëtzebuergAlexandra SchoosEd Lauter