Cádiz
Cádiz ass d'Haaptstad vun der Provënz Cádiz. Si gehéiert zur autonomer Regioun Andalusien am Süde vu Spuenien. Cádiz läit op enger Landzong am Süde vu Spuenien an huet 131.813 Awunner (2005). D'Bucht vu Cádiz selwer bild e klengen Deel vum Golf vu Cádiz. Cádiz huet een ausgesprachenen andalusesche charakter. Palmen an al Gummibeem, déi angeeblech vum Christoph Kolumbus geplanzt gi sinn, drécken dem Stadbild hire Charakter op.
Cádiz | |
---|---|
Puerta de tierra zu Cádiz | |
Land | Spuenien |
Autonom Gemeinschaft | Andalusien |
Provënz | Cádiz |
Awunner | 128.554 (INE 2007) |
Fläch | 12,10 |
Koordinaten | 36° 32’ 00’’ N 06° 17’ 00’’ W |
Postcode | 11000 |
Websäit | http://www.cadiz.es |
Cádiz ass eng typesch spuenesch Hafestad an zielt zu deenen eelste Stied an Europa.
Kuckeswäertes
- Kathedral aus dem 18. Joerhonnert
- Kierch vum hellege Kräiz (Iglesia de Santa Cruz) - al Kathedral
- Oratorium San Felipe Neri aus dem 17. Jh. (D'Plaz wou déi éischt Spuenesch Verfassung ausgeschafft gouf)
- Déi Helleg Hiel (La Santa Cuerva) aus dem 18. Jh. (Mat Tableaue vum Goya)
- D'Kastellen San Sebastian und Santa Catalina
- Plaza España
- Plaza de Mina
- Theater (teatro Manuel de Falla)
- Verschidde Muséeën
Um Spaweck
Commons: Cádiz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake