Chris Evert
D'Chris (Christiane Marie) Evert, gebuer den 21. Dezember 1954 zu Fort Lauderdale (Florida), ass eng US-amerikanesch Tennisspillerin mat Lëtzebuerger Originnen.
Chris Evert | |
---|---|
Gebuertsnumm | Christine Marie Evert |
Gebuer | 21. Dezember 1954 Fort Lauderdale |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Tennisspiller |
Gréisst | 168 Zentimeter |
Gewiicht | 56 kg |
Spillhand | Rietshänner |
Famill | |
Geschwëster | Jeanne Evert |
Si ass déi éischt Tennisspillerin déi méi wéi 1000 Matcher an hirer professioneller Carrière (1972-1989) gewonnen huet a gëtt zu den erfollegräichste Spillerinnen an der Tennisgeschicht gerechent. Haut beschäftegt si sech aktiv mat caritative Wierker, besonnesch am Hibléck op d'Bekämpfung vum Drogemëssbrauch, Wierker fir déi si bis haut (21/11/2007) $15.4 Millioune gesammelt huet.
Der Chris Evert hir Virfuere sinn 1857 vu Biekerech an Amerika emigréiert.
Unerkennungen
- Véiermol vun der Associated Press zur Sportlerin vum Joer gewielt
- Ausgezeechent mat dem "Sportswomen of the Year Award" duerch Sports Illustrated (1976)
- Opgeholl an déi "International Tennis Hall of Fame" (1995)
- Vum Tennis Magazine op déi véiert Plaz vun de Gréissten Tennisspiller klasséiert (2005)
Um Spaweck
Commons: Chris Evert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake