Cienfuegos
Cienfuegos ass d'Haaptstad vun der Provënz Cienfuegos a läit an Zentralkuba an enger déiwer natierlecher Bucht.
D'Stad gouf 1514 gegrënnt a war am 19. Joerhonnert de wichtegsten Hafe fir d'Zockerexportatioun vum Süden.
Et liewen an dëser Stad, déi e bedeitenden Industriezentrum ass, eng 140.700 Awunner (2002).
Am Joer 2005 gouf den historeschen Zentrum vu Cienfuegos vun der Unesco zum Weltkulturierwen.
Kuckeswäertes
- De Palacio de Valle: eng gotesch, napoleonesch a mauresch Villa déi am Joer 1913 fir bal 2 Milliounen Dollar fir de Spuenier Ciscle de Valle y Blance gebaut gouf. Haut kann een dës Villa besiche goen an um Rez-de-Chaussée ass e Restaurant.
- De Castilla de Jagua: ass eng Festung vu 1745 an huet fréier d'Cienfuegos Bucht virun de Pirate geschützt.
- De Parque Martí: ass eng Plaz mat Musekpavillon a Bänken, ronderëm déi restaueréiert a riseg Villae stinn, wéi z. B. den Teatro Tomás Terry mat Aussichtstuerm, de Museo Provincial mat der Geschicht vun der Stad an d'Kathedral.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Cienfuegos – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake