Crafoord-Präis

De Crafoord-Präis gëtt vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften iwwerreecht. Säin Zweck ass d'Éierung an d'Hëllef vu Grondlagefuerschung an Disziplinnen, déi den Nobelpräis net ofdeckt. Dorënner fale Mathematik, Geowëssenschaften, Biologie (besonnesch a Richtung Ekologie an Evolutioun) an Astronomie. De Präis ass no sengem Stëfter, dem Industriellen Holger Crafoord benannt.

De Crafoord-Präis gëtt nëmmen eemol am Joer verginn, kann awer op bis zu dräi Präisdréier opgedeelt ginn. Bei der éischter Verdeelung am Joer 1982 war d'Präisgeld 400.000 schweedesch Krounen, wat ongeféier 60.000 US-Dollar entsprach huet. Momentan läit d'Präisgeld bei 500.000 US-Dollar.

JoerKategorieLaureatenBegrënnung fir de Präis
1982MathematikWladimir Igorewitsch Arnold (SU) an den
Louis Nirenberg (CA/USA)
„fir aussergewéinlech Leeschtungen an der Theorie netlinearer partieller Differentialgläichungen“
1983GeowëssenschaftenEdward N. Lorenz (USA) an den
Henry Stommel (USA)
„fir grondleeënd Bäiträg um Feld vun der geophysikalescher Hydrodynamik, déi op eenzegaarteg Aart a Weis zu engem déiwe Verstoe vun de grousse Beweegunge vun der Atmosphär an dem Mier gefouert hunn“
1984BiowëssenschaftenDaniel Hunt Janzen (USA)„fir seng afallsräich an interessant Studien zu der Koevolutioun, déi vill Fuerscher zu weideren Aarbechten op dësem Gebitt inspiréiert hunn“
1985AstronomieLyman Spitzer (USA)„fir fundamental, bunnbriechend Studien iwwer bal jiddwer Aspekt vum interstellare Medium, déi hiren Héichpunkt mat de Resultater, déi beim Benotze vum Weltraumteleskop Copernicus erreecht goufen“
1986GeowëssenschaftenClaude Allègre (FR) an den
Gerald Joseph Wasserburg (USA)
„fir hir Pionéierstudien iwwer geocheemesch Bezéiunge vun Isotopen a geologesch Interpretatiounen, déi dës Resultater erméiglecht hunn“
1987BiowëssenschaftenEugene P. Odum (USA) an den
Howard T. Odum (USA)
„fir aussergewéinlech Bäiträg um Feld vun der Ekologie vun den Ekosystemer“
1988MathematikPierre Deligne (BE) an den
Alexander Grothendieck (FR) 1
„fir grondleeënd Fuerschungen an der algebraiescher Geometrie“
1989GeowëssenschaftenJames van Allen (USA)„fir seng bunnbriechend Fuerschung vum Weltraum, besonnesch der Entdeckung vun den energeeteschen Deelchen, déi am geomagnéitesche Feld gefaange sinn, dat d'Stralerimmer – die Van-Allen-Rimm – ëm eis Äerd formt“
1990BiowëssenschaftenPaul Ralph Ehrlich (USA)„fir seng Fuerschung an der Dynamik a Geneetik vu fragmentaresche Populatiounen an der Bedeitung vun de Verdeelungsmustere fir hir Iwwerliewenswarscheinlechkeet“
Edward Osborne Wilson (USA)„fir d'Theorie vun der Inselbiographie an aner Fuerschungen iwwer d'Aartenauswiel an d'Eenegkeetsdynamik op Inselen an a weideren Habitate mat ënnerschiddlechen Isolatiounsgraden“
1991AstronomieAllan Rex Sandage (USA)„fir seng wichteg Bäiträg zu der Studie vun de Galaxien, hire Stäre-, Stärekéip- an Niwwelpopulatioun, hirer Evolutioun, der Vitess-Ofstand-Relatioun (oder Hubble-Relatioun) an hir Entwécklung iwwer d'Zäit“
1992GeowëssenschaftenAdolf Seilacher (DE)„fir seng innovativ Fuerschung, déi d'Evolutioun vum Liewen an d'Wiesselwierkung mat der Ëmwelt, wéi si a geologeschen Opzeechnungen dokumentéiert gëtt, betrëfft“
1993BiowëssenschaftenWilliam D. Hamilton (GB)„fir seng Theorien Verwandtschaften an Evolutioun“
Seymour Benzer (USA)„fir seng bunnbriechend geneetesch an neurophysiologesch Studien iwwer Mutante vun der Fruuchtméck Drosophila melanogaster“
1994MathematikSimon Donaldson (GB)„fir seng fundamental Ënnersich an der véierdimensionaler Geometrie duerch de Gebrauch vun Instantons, besonnesch seng Neientdeckung vun neien Differentialinvarianten“
Shing-Tung Yau (USA)„fir seng Entwécklung vun netlinearen Techniken an der differentialer Geometrie, déi zu der Léisung vu verschiddenen oppene Problemer gefouert hunn“
1995GeowëssenschaftenWilli Dansgaard (DK) an den
Nicholas Shackleton (GB)
„fir fundamental Aarbecht an der Entwécklung an Uwendung vun isotope geologeschen Analysemethode fir d'Studium vu klimatesche Variatioune wärend dem Quartär“
1996BiowëssenschaftenRobert May (GB)„fir seng bunnbriechend ekologesch Fuerschung iwwer déi theoreetesch Analys vun der Dynamik vu Populatiounen, Zesummenaarbechten an Ekosystemer“
1997AstronomieFred Hoyle (GB) an den
Edwin Salpeter (USA)
„fir hir Bäiträg zum Studium vun nukleare Prozesser an de Stären a stellarer Evolutioun“
1998GeowëssenschaftenDon L. Anderson (USA) an den
Adam M. Dziewonski (PL/USA)
„fir hir Aarbechten zu eisem Wëssen iwwer d'Strukturen a Prozesser am Kär vun eiser Äerd“
1999BiowëssenschaftenErnst Mayr (USA),
John Maynard Smith (GB) an den
George C. Williams (USA)
„fir hir Aarbechten zu der begrëfflecher Entwécklung vun der Evolutiounsbiologie“
2000PolyarthritisMarc Feldmann (GB) an den
Ravinder N. Maini (GB)
„fir d'Identifizéierung vun der TNF-Blockad als een effektiivt therapeutescht Prinzip bei rheumatescher Arthritis“
2001MathematikAlain Connes (FR)„fir Aarbechten un der Theorie vun der Operatoralgebren an dofir, datt hien e Grënner vun der netkommutativer Geometrie war“
2002GeowëssenschaftenDan P. McKenzie (GB)„fir seng Aarbechten zum Verständnes vun der Lithosphärdynamik, speziell vun der Plackentektonik, de Formatioune vun de Sedimentbecken a vum Mantelschmëlzen“
2003BiowëssenschaftenCarl Woese (USA)„fir d'Entdeckung vun engem drëtten Domän vum Liewen“
2004PolyarthritisEugene Butcher (USA) an den
Timothy A. Springer (USA)
„fir hir Studie vun de molekulare Mechanismen, déi an d'Migratioun vu wäisse Bluttzellen bei Gesondheet a Krankheet abezu sinn“
2005AstronomieJames E. Gunn (USA),
James Peebles (USA) an den
Martin John Rees (GB)
„fir hir Aarbechten iwwer d'Versteestemech vun der grouss ugeluechter Struktur vum Universum“
2006GeowëssenschaftenWallace S. Broecker (USA)„fir seng innovativ a bunnbriechend Fuerschung iwwer d'Wierkung vum globale Kuelestoff-Zyklus bannen dem Ozean-Atmosphär-Biosphär-System a senger Wiesselwierkung mat dem Klima“
2007BiowëssenschaftenRobert Trivers (USA)„fir seng fundamental Analys vu sozialer Evolutioun, Konflikt a Kooperatioun“
2008AstronomieRashid Alievich Sunyaev (RU)„fir seng Aarbechten an der Héichenergie-Astrophysik a Kosmologie, besonnesch bei de Prozesser a Kräften ëm Schwaarz Lächer an Neutronestären a bei der Demonstratioun vun der diagnostescher Muecht vun de Strukturen an der Hannergrondstralung“
MathematikMaxim Lwowitsch Konzewitsch (RU/FR) an den
Edward Witten (USA)
„fir hir wichteg Aarbecht an der Mathematik, inspiréiert duerch déi modern theoreetesch Physik“
2009PolyarthritisCharles A. Dinarello (USA),
Tadamitsu Kishimoto (J) an den
Toshio Hirano (J)
„fir hir Pionéieraarbecht bei der Isolatioun vun Interleukinen, der Bestëmmung vun hiren Eegenschaften an der Erfuerschung vun hirer Roll beim Ufank vun Entzündungen“
2010GeowëssenschaftenWalter Munk (USA)„fir seng Pionéieraarbecht a fundamental Bäiträg zum Verstoe vun de Mieresstréimungen, Gezäiten a Wellen an hirer Roll an der Äerddynamik“
2011BiowëssenschaftenIlkka Hanski (FIN)„fir seng grondleeënd Studien iwwer den Afloss vu raimleche Variatiounen op d'Dynamik vun Déieren- a Planzepopulatiounen“
2012AstronomieReinhard Genzel (DE) an
Andrea Ghez (USA)
„fir hir Stärenobservatioun, wéi si de galakteschen Zentrum ëmkreesen an doduerch d'Existenz vun engem supermassive Schwaarze Lach uweisen“
2012MathematikJean Bourgain (BEL) an
Terence Tao (AUS/USA)
„fir hir brillant a grondleeënd Aarbechten an harmonescher Analys iwwer partiell Differentialequatiounen, an der Ergodentheorie, Zuelentheorie, Kombinatorik, Funktionalanalys an an der theoreetescher Computerwëssenschaft“
2013PolyarthritisPeter K. Gregersen (USA),
Lars Klareskog (SW) und
Robert J. Winchester (USA)
"fir hir Entdeckunge bei verschiddene geneetesche Faktoren an hiren Interaktioune mat Ëmweltfaktore bei Pathogenes, Diagnosen a klineschem Management vun der rheumatoider Arthritis"
2014GeowëssenschaftenPeter Molnar (USA)"fir grondleeënd Schrëfte fir d'Verstoe vun der Tektonik, besonnesch vun der Verformung vun de Kontinenter, der Struktur an der Entwécklung vun de Bierger an dem Afloss vun den tektonesche Prozesser op ozeanesch-atmosphäresch Zirkulatioun a Klima"
2015BiowëssenschaftenRichard Lewontin (USA) an
Tomoko Ohta (Japan)
"fir hir bunnbriechend Analysen a grondleeënd Artikelen zum Versteessdemech vum geneetesche Polymorphismus"
2016AstronomieRoy Kerr (NZ) an
Roger Blandford (USA)
"fir déi grondleeënd Aarbecht iwwer rotéierend Schwaarz Lächer an hir astrophysikalesch Konsequenzen"
MathematikYakov Eliashberg (USA)"fir d'Entwécklung vun der Kontakt-Topologie an der symplekteschen Topologie souwéi fir bunnbriechend Entdeckunge vu Phenomeener vun der Stabilitéit an der Flexibilitéit“
2017Polyarthritis-FuerschungShimon Sakaguchi (Japan),
Fred Ramsdell (USA) an
Alexander Rudensky (USA)
"fir hir Entdeckungen a Bezuch op regulatoresch T-Zellen, déi schiedlechen Immunreaktioune bei Arthritis an aneren Autoimmunerkrankungen entgéigewirken"
2018GeowëssenschaftenSyukuro Manabe (USA) an
Susan Solomon (USA)
"fir grondleeënd Beiträg zum Verständnes vun der Roll vu Spueregasen am Klimasystem vun der Äerd"

1 ofgeleent

Um Spaweck

Commons: Crafoord Prize – Biller, Videoen oder Audiodateien