Departement Morbihan

franséischt Departement
Morbihan (56)
RegiounBretagne
PrefectureVannes
ËnnerprefectureLorient
Pontivy
Bevëlkerung643 873 Aw.(1999)
Fläch6 873 km²
Arrondissementer3
Kantonen42
Gemengen261

De Morbihan (56) ass e franséischt Departement, dat säin Numm vum Golfe du Morbihan huet. Den Numm huet bretonesch Wuerzelen Mor heescht Mier a bihan heescht kleng.

Geschicht

D'Departement Morbihan ass ee vun den 83 Departementer déi wärend der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. E gouf zesummegesat aus engem Deel vun der aler Provënz Bretagne mat dem gréissten Deel vum Bistum Vannes, dem Bistum Saint-Brieuc, dem Bistum Saint-Malo an dem Bistum Nantes.

Geographie

De Morbihan gehéiert zur Bretagne, a stéisst un d'Departementer Finistère am Westen, Côtes-d'Armor am Norden, Ille-et-Vilaine am Osten a Loire-Atlantique am Südosten. Am Süde gëtt seng Grenz vum Atlantik gemaach.

Am Golf deen dem Departement säin Numm ginn huet leien 42 Inselen.

Baussent dem Golf am Mor Bras dem Grousse Mier leie 5 gréisser Inselen, vun deenen der véier bewunnt sinn:

  • D'Insel Groix vis-à-vis vu Lorient.
  • Dräi Inselen am Südweste vun der Baie de Quiberon an zwar: Houat, Hoëdic a Belle-Île-en-Mer]].
  • Méaban mat enger Vullereserve ass net bewunnt, an däerf och net ugefuer ginn.

De Klima ass Summer wéi Wanter mëll, an et gëtt e puer Mikroklimae wéi déi vu Quiberon a Belle-Île-en-Mer.

Kuckt och


Um Spaweck

Commons: Morbihan – Biller, Videoen oder Audiodateien