Endspill (Schach)

Endphas vun enger Schachpartie
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als Endspill bezeechent een am Schach d'Endphas vun enger Partie, wann nëmmen nach wéineg Figurenaarten um Briet sinn.

Klassifikatioun

D'Endspiller ginn no de Figurenaarten (ausser deenen zwéi Kinneken), déi nach um Briet sinn, klassifizéiert:

  • Elementar Mattféierungen: belibeg Figure géint en eenzele Kinnek,
  • Bauerenendspill: nëmme Baueren,
  • Dammenendspill: Damme mat oder ouni Bauer(en),
  • Tuermendspill: Tierm mat oder ouni Bauer(en),
  • Leeferendspill: Leefer mat oder ouni Bauer(en),
  • Spréngerendspill: Sprénger mat oder ouni Bauer(en),
  • Liichtfigurenendspill: Leefer an/oder Sprénger mat oder ouni Bauer(en),
  • Schwéierfigurenendspill: Dammen an/oder Tierm mat oder ouni Bauer(en),
  • Endspill mat Schwéier- a Liichtfiguren: Dammen an/oder Tierm mat Leefer an/oder Sprénger a mat oder ouni Bauer(en).

Literatur

  • Glenn Flear: Practical Endgame Play - Beyond the Basics. Everyman Chess, 2007, ISBN 978-1857445558
  • Efstratios Grivas: Practical Endgame Play - Mastering the Basics. Everyman Chess, 2008, ISBN 978-1857445565
  • Jeremy Silman: Silman's Complete Endgame Course. Siles Press, 2007, ISBN 978-1890085100

Kuckt och