Euler (Moundkrater)

Moundkrater


Den Euler ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit. Hie läit op der südlecher Hallschent vum Mare Imbrium. Den Objet westsüdwestlech dernieft ass de Mons Vinogradov. Südwestlech vum Moundkrater Euler läit eng Rei vun niddrege Biergrécker, bei deenen de klenge Krater Natasha an dee nach méi klenge Krater Jehan läit. Ongeféier 200 Kilometer am Ostnordoste läit de Krater Lambert, dee grad sou grous wéi den Euler ass.

Euler
Koordinaten23°15'36"N, 29°10'48"W
Duerchmiesser26 km
Déift2.200 m
Selenographesch Längt28° bei Sonnenopgank
Genannt noLeonhard Euler
Genannt am Joer1935
MoundvéiereckLQ11

De Kraterrand vum Euler ass vun engem niddrege Rampli ëmginn. Bannendran ass e liicht terrasséiert. An der Mëtt vum Kraterbuedem ass e klengen Hiwwel. De Krater huet e klenge Stralesystem, deen iwwer 200 Kilometer grouss ass.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/NummPositiounDuerchmiesserLink
E N, 34° W76 km[1]
F N, 27,9° W76 km[2]
G N, 27,4° W74 km[3]
H N, 28,6° W74 km[4]
J N, 31,5° W74 km[5]
L N, 28,9° W74 km[6]

Den Niewekrater K huet en neien Numm kritt an heescht elo: Jehan

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Euler – Biller, Videoen oder Audiodateien