Leonhard Euler

Schwäizer Mathematiker a Physiker
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Leonhard Euler, gebuer de 15. Abrëll 1707 zu Riehen an der Schwäiz, a gestuerwen den 18. September 1783 zu St. Petersburg, war e Schwäizer Mathematiker a Physiker.

Leonhard Euler
De Leonhard Euler am Alter vu 46 Joer
Gebuer15. Abrëll 1707
Basel
Gestuerwen18. September 1783
Sankt Péitersbuerg
Doudesursaachintrazerebral Bluddung
NationalitéitRussescht Keeserräich, Kinnekräich Preisen
EducatiounUniversitéit vu Basel
AktivitéitMathematiker, Physiker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Musekstheoretiker, Astronom, Wëssenschaftler, Erfinder, Geograph
Member vunPreisesch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Royal Society, Accademia delle Scienze di Torino

Hie war produktiv an huet d'Mathematik vum 18. Joerhonnert dominéiert. Hie war ee vun deenen éischten, déi d'Analyse an der Physik developpéiert hunn. No him sinn 23 mathematesch Objeten, Formelen a Resultater benannt.

De 17. Mee 1727 huet den Daniel Bernoulli en op d'Akademie vu St. Petersburg geruff.

Déi lescht siwwenzéng Joer vu sengem Liewe war e komplett blann, wat en awer net dovun ofgehalen huet, bal d'Hallschent vu senger Aarbecht an där Zäit ze realiséieren.

Posthum ass en zu speziellen Éiere komm: säi Bild war um Schwäizer 10-Frang-Schäin. E Moundkrater an en Asteroid sinn no him benannt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Leonhard Euler – Biller, Videoen oder Audiodateien