Extremadura

autonom Regioun a Spuenien

D'Extremadura (sp: Extremadura) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.

Extremadura

{{{fändel_artikel}}}

{{{wopen_artikel}}}
  Land Spuenien
  HaaptstadMérida
  Offiziell Sprooch(en) Spuenesch
  Fläch 41.634 km²
  Awunner 1.089.990  2007)
  Bevëlkerungsdicht 26,03 Aw. / km²
  Autonome Statut 26. Februar 1983
  Offizielle Feierdag 8. September
  President Guillermo Fernández Vara
 (PSOE-PREx-CREx)
Lag vun Extremadura a Spuenien

Lag vun Extremadura a Spuenien
Lag vun Extremadura a Spuenien
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien

Geographie

D'Extremadura läit am Weste vu Spuenien a grenzt am Norden u Kastilien-León, am Süden un Andalusien, am Osten u Kastilien-La Mancha an am Westen u Portugal. D'Extremadura huet eng Fläch vun 41.634 km² wat 8,2 % vun der totaler Fläch vu Spuenien entsprécht. D'Haaptstad ass Mérida.

Andeelungen

D'Extremadura ass an 2 Provënzen agedeelt, déi hirersäits a Gemengen agedeelt sinn.

NummHaaptstadProvënzHaaptstad
ExtremaduraMéridaBadajozBadajoz
CáceresCáceres

Geschicht

D'Regioun Extramadura ass zanter dem 26. Februar 1983 eng autonom Gemeinschaft.

Politik

De President ass de Guillermo Fernández Vara (PSOE-PREx-CREx)). Hir Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress huet 10 Sëtz an am Senat sinn et 2 Sëtz.

Demographie

2007 gëtt et 1.089.990 Awunner an Extremadura, dat sinn 2,6 % vun der spuenescher Populatioun.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Extremadura – Biller, Videoen oder Audiodateien