Den 19. Dezember 2007 goufen déi Offiziell vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 vun der UEFA ernannt ginn. Dëst sinn zwielef Schidsriichter a 24 Assistenten. Dobäi kommen nach aacht Véiert Offizeller, déi am Fall bei enger Verletzung vun engem Schidsriichter deejéinegen ersetzen.
Déi zwielef Schidsriichter leeden 31 Spiller. Et sinn:
Nom offizielle Reglement vun der UEFA ass d'EM an d'Qualifikatioun an an d'Ennronn opgedeelt. Fir d'Ennronn konnte sech, ausser der Schwäiz an Éisträich, déi als Gaaschtland automatesch an d'Ennronn komm sinn, nach véierzéng aner Länner qualifizéieren.
Déi 50 Ekippen, déi fir déi véierzéng Ennronneplaze gespillt hunn, goufen a sechs Gruppe vu siwen an an eng Grupp vun aacht agedeelt.Déi eenzel Gruppen, an deenen all Ekipp eng Kéier an engem Hin- a Réckspill géinteneen ugetruede sinn, qualifizéierte sech no 306 Spiller, d'Gruppenéischt an -zweet fir d'Europameeschterschaft 2008.
Auslousung vun der Ennronn
D'Gruppe goufen den 2. Dezember 2007 zu Luzern ausgeloust. Déi qualifizéiert Ekippe goufen a véier Dëppen agedeelt:
1: Schwäiz, Éisträich (allebéid Organisatoren), Griicheland, Holland
Zu de Sponsore vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 hunn ënner anerem Adidas, Carlsberg, Castrol, Coca-Cola, Hyundai Motor Group, JVC, MasterCard a McDonald's gezielt.
Ticketen
Et sinn 1,13 Milliounen Entréestickete fir déi 31 Spiller verdeelt ginn.