Francis Ford Coppola

US-amerikanesche Regisseur, Produzent an Dréibuchauteur

De Francis Ford Coppola, gebuer de 7. Abrëll 1939 zu Detroit, ass en US-amerikanesche Regisseur, Produzent an Dréibuchauteur.

Francis Ford Coppola
Gebuer7. Abrëll 1939
Detroit
NationalitéitUSA
EducatiounUCLA School of Theater, Film and Television,
Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles
AktivitéitDréibuchauteur, Filmproduzent, Filmregisseur, Schrëftsteller, Filmediteur, Delegéierte Produzent, Komponist, Wënzer, Schauspiller, Regisseur
ParteiDemocratic Party
Member vunAmerican Academy of Arts and Sciences, WGA West
Famill
GeschwësterTalia Shire, August Coppola
KannerSofia Coppola, Roman Coppola

Hien ass virun allem bekannt fir seng Godfather-Trilogie a fir de Vietnam-Eepos Apocalypsse Now (1979).Hie krut bis ewell am Ganze 5 Oscaren: fir dat bescht Dréibuch vu Patton, déi bescht Dréibuch-Adaptatioun vun The Godfather an The Godfather Part II, a fir dee leschtgenannten och nach dee fir déi bescht Regie an déi bescht Produktioun; an hien huet 2 Gëlle Palmen zu Cannes gewonnen (1974 fir The Conversation an 1979 fir Apocalypse Now).

Do dernieft huet hien awer och méi kommerziell Filmer gemaach, ë. a., well e Sue gebraucht huet fir säi Studio, de American Zoetrope ze finanzéieren, deen nom Flop vu sengem Film One from the Heart an d'Labrente gerode war.

De Coppola ass ausserdeem Wënzer, Editeur an Hotelier.

Hien ass de Papp vun de Regisseure Sofia a Roman Coppola, de Brudder vun der Schauspillerin Talia Shire, an de Monni vun de Schausppiller Nicolas Cage an Jason Schwartzman.

Filmographie

als Regisseur

  • 1961: Tonight for Sure
  • 1962: The Bellboy and the Playgirls zesumme mam Fritz Umgelter
  • 1962: Premature burial vum Roger Corman als Assistenz-Regisseur
  • 1963: The Terror vum Roger Corman - als Assistenz-Regisseur an delegéierte Produzent
  • 1963: Dementia 13
  • 1966: You're a Big Boy Now
  • 1968: Finian's Rainbow
  • 1969: The Rain People
  • 1972: The Godfather
  • 1974: The Conversation
  • 1974: The Godfather Part II
  • 1979: Apocalypse Now
  • 1982: One from the Heart
  • 1983: The Outsiders
  • 1983: Rumble Fish
  • 1984: The Cotton Club
  • 1986: Captain Eo (Kuerzfilm)
  • 1986: Peggy Sue Got Married
  • 1987: Gardens of Stone
  • 1988: Tucker: The Man and His Dream
  • 1989: New York Stories, Episod "Life Without Zoe"
  • 1990: Mario Puzo's The Godfather: Part III
  • 1992: Dracula
  • 1996: Jack
  • 1997: The Rainmaker
  • 2007: Youth Without Youth
  • 2009: Tetro
  • 2012: Twixt

als Dréibuchauteur (Auswiel)

  • 1966: This Property is Condemned vum Sydney Pollack
  • 1966: Paris brûle-t-il ? vum René Clément
  • 1970: Patton vum Franklin J. Schaffner
  • 1973: The Way We Were vum Sydney Pollack (net ernimmt)
  • 1974: The Great Gatsby vum Jack Clayton

Um Spaweck

Commons: Francis Ford Coppola – Biller, Videoen oder Audiodateien