Gehier

Haaptorgan vum Nervesystem vun alle Wierbeldéieren a villen aneren Déierenaarten

Gehier (Hieren, latäin cerebrum, Algriichesch ἐγκέφαλον (enképhalon) ass den Numm vun deem Deel vum Zentralnervesystem vun de Wierbeldéieren, deen am Kapp läit, geschützt an der Hiel vum Schiedel, mat ronderëm der Hierenhaut. Et besteet haaptsächlech aus Nerventissu.

E Gehier vum Mënsch

Funktioun

D'Gehier vun de Wierbeldéiere verschafft héichdifferenzéiert Sënnesandréck a koordinéiert komplex Komportementer. Et ass d'Zentralplaz fir differenzéiert Informatiounen ze sammelen an auszeginn, déi den Organismus verschafft.

Opbau vum Gehier vun de Wierbeldéieren

  • Prosencephalon (Viischt Hieren)
    • Telencephalon (Endhieren, „Cerebrum“)
      • Cortex cerebri
      • Subcortical Kären
        • Basalganglien
        • Claustrum
        • Corpus amygdaloideum (Mandelkäer/Mandelkierper, „Amygdala“)
    • Diencephalon (Tëschenhieren)
      • Thalamus
      • Epithalamus
      • Subthalamus
      • Hypothalamus (mam Hypothalamus verbonnen ass d'Hypophys)
      • Metathalamus
  • Mesencephalon (Mëttel Hieren)
    • Tectum
    • Tegmentum
    • Crura cerebri
  • Rhombencephalon (Rautenhieren)
    • Metencephalon (Hënnescht Hieren)
      • Cerebellum (Kleng Hieren)
        • Vermis
        • Zwou Hemisphären (Hierenhalschechten)
      • Pons
    • Myelencephalon (Nohieren, Medulla oblongata)

Um Spaweck

Commons: Gehier – Biller, Videoen oder Audiodateien