Geodesie

D'Geodesie (algriich. γη, „Äerd“, δαιζω, daídso „ech deelen“) ass no der klassescher Definitioun vum F. R. Helmert d'„Wëssenschaft vum Ausmoossen an Ofbilde vun der Äerduewerfläch. Dat ëmfaasst d'Bestëmmung vun der geometrescher Figur vun der Äerd (Geoid, Terrain), vun hirem Schwéierfeld an der Orientéierung vun der Äerd am Weltraum (Äerdrotatioun).

Portrait vum Friedrich Robert Helmert

An der wëssenschaftlecher Systematik gëtt d'Geodesie virun allem bei d'Ingenieurwëssenschafte gerechent. Besonnesch däitlech gëtt datt op den Techneschen Héichschoulen, op deenen de Geodesiestudium dacks net am Fachberäich Naturwëssenschaften ass, mä zum Bauingenieurswiese gehéiert. Dës Weidere stellt d'Geodesie den Zesummenhank tëscht Astronomie a Geophysik duer.

An der Mathematik bedeit de Begrëff „geodetesch“ déi theoreetesch kierzt Verbindung tëscht zwéi Punkten op gekrëmmte Flächen, d'Geodetesch Linn entsprécht op der Äerdkugel engem Grousskrees (Orthodrome).

Lithographiesteng am Archiv vum Bayeresche Landesamt für Vermessung und Geoinformation

Glidderung vun der Geodesie

D'Geodesie gouf bis 1930 an zwéi Beräicher ënnerdeelt:

  • Héich Geodesie si ëmfaasst (als Physikalesch, Mathematesch an Astronomesch Geodesie) och Äerdmiessung, Landesvermiessung an d'astronomesch Methoden.
  • Niddreg Geodesie si (déi mat ebenen Rechefläche auskënnt) ëmfaasst einfach Bau- a Katastervermiessung; si gëtt haut als Allgemeng Geodesie, Ugewandte Geodesie, Praktesch Geodesie oder Stéckvermiessung bezeechent.

D'Ingenieurgeodesie gebraucht jee no der gefuerderter Genauegkeet Methode vu béide Beräicher.

Ëm 1950 etabléiert sech d'Loftbildmiessung als en eegent Fach ënner dem Numm Photogrammetrie – zanter den 1990er Jore meeschtens mat der Fernerkundung als Duebelfach gesinn.

Zanter 1958 gëtt et Satellittegeodesie.

D'Datebanke vu Landes- resp. Kadastervermiessung entwéckele sech weider zu Geo-Informatiounssystemen (GIS) oder Landinformatiounssystemen (LIS).

All dës Deelfächer sinn awer meeschtens an engem Héichschoulstudiegang vereent, dat och d'Kartographie oder op d'mannst Deeler dovu souwéi eng Rei weider Haapt- an Niewefächer ëmfaasst (z. B. Buedemuerdnung) an zu dem Beruff vum Vermiessungsingenieur féiert (vergloch Geomatik resp. Geomatikingenieur).

Literatur

  • Karl Ledersteger: Astronomische und physikalische Geodäsie. 10. Auflage. Metzler, Stuttgart 1969 (Handbuch der Vermessungskunde 5)
  • Hans-Gert Kahle: Einführung in die höhere Geodäsie. 2. (erweiterte) Auflage. Verlag der Fachvereine, Zürich 1988, ISBN 3-7281-1655-6
  • Wolfgang Torge: Geodäsie. 2. Auflage. De Gruyter, Berlin 2003, ISBN 3-11-017545-2
  • Bertold Witte, Hubert Schmidt: Vermessungskunde und Grundlagen der Statistik für das Bauwesen. 5. Auflage. Wichmann, Heidelberg 2004, ISBN 3-87907-418-6
  • Bettina Schütze, Andreas Engler, Harald Weber: Lehrbuch Vermessung-Grundwissen. Weber, Dresden 2001, ISBN 3-936203-00-8
  • Walther Welsch, Otto Heunecke, Heiner Kuhlmann: Auswertung geodätischer Überwachungsmessungen. In: M. Möser, G. Müller, H. Schlemmer, H. Werner (Hrsg.): Handbuch Ingenieurgeodäsie. Wichmann, Heidelberg 2000, ISBN 3-87907-295-7
  • Vitalis Pantenburg: Das Porträt der Erde. Geschichte der Kartografie. Franckh, Stuttgart 1970, ISBN 3-440-00266-7
  • Europäische Kommission (Hrsg.): Spatial Reference Systems for Europe. Europäische Kommission, 2000 (EUR 19575, PDF, 13,7 MB - Europäische Koordinatenreferenzsysteme als geodätischer Beitrag zu Geodateninfrastuktur)
  • Walter Großmann: Geodätische Rechnungen und Abbildungen in der Landesvermessung. 3. Auflage. Wittwer, Stuttgart 1976

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Geodesie – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (de)ARGEOS (Arbeitsgemeinschaft der Geodäsiestudierenden)