Gliese 436 b

De Gliese 436 b (och GJ 436 b) ass en Exoplanéit, deen de Rouden Zwerg Gliese 436 ëmkreest. Hien ass ee vun de klengste bekannten Exoplanéiten an ee sougenannten „Hot Neptune“. De Planéit ëmkreest säin Zentralstär op enger Distanz vun nëmmen 0,03 AE (ronn 4,3 Mio. km) all 2 Deeg, 15 Stonnen a 27 Minutten op enger Bunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,15. Seng Mass huet ongeféir 0,072 Jupitermassen. Mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop konnt den Duerchmiesser vu Gliese 436 b bei engem Transit vum Planéit relativ genee op 54.000 km bestëmmt ginn (eppes méi wéi deejéinege vum Neptun). Den Opbau vum Exoplanéit huet änlech Daten wéi de Planéit Neptun.

Exoplanéit Gliese 436 b
Kënschtleresch Duerstellung vum Gliese 436 b a sengem Stär
Stärebild:Leo (Leo)
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun11h 42m 11.1s
Deklinatioun+ 26° 42' 24"
Visuell Magnitude
Orbitdaten
ZentralstärGliese 436
Grouss Hallefachs0,03 AE
Exzentrizitéit0,150 ± 0,012
Ëmlafdauer2d 15h 27m
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesserzirka 54.000
Mass:(0.41 ± 0.05) M
(22,2 ± 1,0) M
Distanz a Liichtjoer(10,23 ± 0,24)
Geschicht
EntdeckerGeoffrey Marcy an R. Paul Butler
Entdeckungsjoer2004

De Gliese 436 b gouf vum Geoffrey Marcy an dem R. Paul Butler am Joer 2004 duerch Miessung vun der Radialvitess vum Stär entdeckt.

Verglach vun de Gréissten tëscht der Äerd an dem Gliese 436 b

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Gliese 436 b – Biller, Videoen oder Audiodateien