Grad (Wénkel)
Grad ass eng Hëllefsmoosseenheet fir d'Gréisst vun engem flaache Wénkel unzeginn. Als Eenheetszeeche fir Grad gëtt en héichgestalltene klenge Krees (°) gebraucht an ouni Tëscheraum un déi lescht Ziffer ugehaangen (kuckt Gradzeechen). 1 Grad ass den 360. Deel vum Vollwénkel, d. h. den 360. Deel vun engem Krees.
D'Ugi vum Wénkel a Grad gëtt als Gradmooss bezeechent, fir e vun der Boumooss ofzegrenzen.
Ënnerdeelungen
Brochdeeler vu Grade kann een a ville Varianten uginn:
- dezimal: ggg,g…°
- sexagesimal:
- Grad a Minutten: ggg° mm′
- Grad, Minutten a Sekonnen: ggg° mm′ ss″
- Grad, Minutten, Sekonnen an Tertien: ggg° mm′ ss″ tt′′′ (haut ganz rar)
- sexagesimal an dezimal kombinéiert:
- Minutten dezimal: ggg° mm,m…′
- Sekonnen dezimal: ggg° mm′ ss,s…″
- Tertiën dezimal: ggg° mm′ ss″ tt,t…′′′
Ëmrechnung vu sexagesimaler an dezimaler Duerstellung:
Grad an SI-Eenheeten
Am Internationalen Eenheetesystem gëtt d'Boumooss als Radiant definéiert, d'Moosseenheet Grad awer akzeptéiert. De rechnereschen Zesummenhang ass follgendermoossen zeréckzeféieren:
De Vollwénkel huet 2 π Radiant oder 360 Grad; dofir gëllt:
doraus erfollegt:
Graden déi keng ronn Zuelen hunn, solle wa méiglech dezimal notéiert ginn, zum Beispill 12,37°. Alternativ ass d'sexagesimal Angab mat Minutten a Sekonne méiglech, zum Beispill 12° 22′ 12″. SI-Virsätz, zum Beispill milli, sinn op Grad geneesou wéineg ze gebrauchen, wéi op Grad Celsius.
Geschicht
D'Andeelung vum Krees-Vollwénkel an 360° an der Geometrie, Geographie, Geodesie an Astronomie gouf duerch d'Astronomen Hypsikles vun Alexandria („Anaphorikos“, 170 v. Chr.) an Hipparch vun Nikaia (190–120 v. Chr.) agefouert.
Kuckt och
- Gradandeelung
- Ekliptikal Koordinate
Um Spaweck
Commons: Grad (Wénkel) – Biller, Videoen oder Audiodateien |