Internationalen Eenheetesystem

Den Internationalen Eenheetesystem verkierpert de moderne metresche System an ass deen am wäitste verbreeten Eenheetesystem fir physikalesch Eenheeten.

Den SI-Eenheetesystem ass opgrond vun de Fuerderunge vu Wëssenschaft a Fuerschung entstanen, mä et ass mëttlerweil och dee predominanten Eenheetesystem vun Ekonomie an Handel ginn. A ville Staaten, wéi z. B. och zu Lëtzebuerg, ass de Gebrauch vum SI-Eenheetesystem am administrativen oder geschäftleche Schrëftverkéier gesetzlech virgeschriwwen.

Déi 7 Basiseenheeten

D'Definitioune vun de Basiseenheeten a -gréisste vum SI sinn net definitiv, mä evoluéiere mam fortschrëttleche Stand vun der Miesstechnik. Am SI entspriechen déi siwe Basisgréissten de siwe Basiseenheeten. Fir kënnen d'Basiseenheete bei verschiddene Gréissteskalen ze gebrauchen, hëlt ee bestëmmt Virsilben wéi "Kilo-" oder "Milli-".

GréisstFormelzeechenNummEenheetenzeechenDefinitioun
Längt MetermLängt vun der Distanz, déi d'Luucht am Vakuum an enger 1/299 792 458 Sekonn zeréckleeft
Mass KilogrammkgDe Kilogramm ass duerch den zueleméisseg festgeluechte Wäert vun der Planckscher Konstant definéiert, ënner Beuechtung vun den Definitioune fir Meter a Sekonn (gëllt zanter dem 20. Mee 2019)
Zäit Sekonnsdat 9 192 631 770facht vun der Periodendauer vun der Stralung, déi dem Iwwergank tëscht den zwéin hyperrenge Strukturniveaue vum Grondzoustand vun Atomer vum Nuklid 133Cs entsprécht.
Stroumstäerkt AmpèreAStäerkt vun engem konstante Stroum, deen duerch zwee parallel, gruedlinneg, onendlech laang an am Vakuum ee Meter vuneneen ewech placéiert Leeder fléisst, tëscht dëse Leedere pro Meter Längt déi Kraaft vun 2 · 10 −7 Newton ervirrifft.
Thermodynamesch Temperatur KelvinKden 273,16-ten Deel vun der thermodynamescher Temperatur vum Tripelpunkt vum Waasser1)
Quantitéit vun der Matière Molmold'Quantitéit vun der Matière vun engem System, deen aus geneesou vill Eenzeldeelercher besteet, wéi Atomer an 0,012 Kilogramm vum Kuelestoffnuklid 12C sinn.
Liichtstäerkt CandelacdLiichtstäerkt an enger bestëmmter Direktioun vun enger Stralungsquell, déi monochromatesch Stralung vun der Frequenz 540 · 1012 Hertz ausstraalt an där hir Stralstäerkt an dëser Richtung (1/683) Watt duerch Steradiant bedréit
1) Déi aktuell Definitioun kënnt vun der Internationaler Temperaturskala aus dem Joer 1990 (ITS-90) hir. Tëscht den Zuelewäerter vun der thermodynamescher Temperatur an der Celsiustemperatur besteet den Zesummenhang: >|}

Um Spaweck

Commons: Internationalen Eenheetesystem – Biller, Videoen oder Audiodateien