Heinrich Heine

däitschen Dichter, Schrëftsteller a Journalist
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Christian Johann Heinrich Heine, gebuer den 13. Dezember 1797 als Harry Heine zu Düsseldorf, a gestuerwen de 17. Februar 1856 zu Paräis, war en däitschen Dichter, Schrëftsteller a Journalist. Hie war eee vun de bedeitendsten däitschen Auteure vum 19. Joerhonnert.

Heinrich Heine
Gebuer13. Dezember 1797
Düsseldorf
Gestuerwen17. Februar 1856
Paräis
NationalitéitKinnekräich Preisen, Frankräich
EducatiounUniversitéit Bonn,
Universitéit Göttingen,
Humboldt-Universitéit Berlin
AktivitéitDichter, Schrëftsteller, Journalist, Literaturkritiker, Juristesche Schrëftsteller, Essayist

Den Heinrich Heine gëlt als ee vun de leschte Representante vun der Romantik (gläichzäiteg och als een, deen s'iwwerwonnen huet). Hien huet d'Ëmgangssprooch lyrikfäeg gemaach, huet d'Feuilleton an de Reesreportage zu enger Konschtform erhuewen an huet eng elegant Liichtegkeet an déi däitschsproocheg Literatur erabruecht, déi et esou virdrun nach net gouf. Seng Wierker goufe bis haut esou dacks iwwersat a vertount wéi vu kaum engem aneren däitschsproochegen Dichter. Als kriteschen, politesch engagéierte Journalist, Essayist, Satiriker a Polemiker gouf den Heine grad esou bewonnert wéi gefaart. Dat war mat ee Grond firwat seng Texter am Däitsche Bond net hunn dierfe publizéiert ginn, sou dass hien déi zweet Hallschecht vu sengem Liewen zu Paräis am Exil huet misse verbréngen.

Wéinst senge jiddeschen Originnen a senge politesche Meenunge gouf hien iwwert den Doud eraus vun Antisemiten an Nationalisten ugegraff. Seng Roll als Aussesäiter war determinant fir säi Liewen, säi Wierk a fir d'Rezeptioun dovun.

Zu senge bekanntsten Texter zielen d'Gedicht Die Lorelei an Deutschland, ein Wintermärchen.

Wierk

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck

Commons: Heinrich Heine – Biller, Videoen oder Audiodateien