Henning Mankell

Den Henning Mankell, gebuer den 3. Februar 1948 zu Stockholm a gestuerwen de 5. Oktober 2015 zu Göteborg, war e schweedesche Schrëftsteller an Theaterregisseur, dee virun allem fir seng Krimië mam Kommissar Kurt Wallander bekannt gouf.

Henning Mankell
GebuertsnummHenning Georg Mankell
Gebuer3. Februar 1948
Stockholm
Gestuerwen5. Oktober 2015
Göteborg
DoudesursaachLongekriibs
NationalitéitSchweden
AktivitéitSchrëftsteller, Dramatiker, Kannerbuchauteur, Krimischreiwer, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Mënscherechtler
Famill
Bestuet matEva Bergman

Hien huet Schauspill studéiert an 1968 säin éischt Stéck geschriwwen, an och dat éischt als Regisseur opgefuouert. An den 1970er Joren huet hien an Norwegen gewunnt a geschafft; an där Zäit huet hien och ugefaangen, Prosa ze schreiwen. 1972 ass hien an Afrika gereest, wat hien, wéi och säi Wierk dono, staark markéiert huet. 1973 koum mat Bergsprängaren säin éischte Roman eraus, deen, wéi och déi zwéin an de Joren dono, e gesellschaftskriteschen Hannergronn hat.

An den 1980er Joren huet den Henning Mankell als Theaterregisseur an Intendant ë. a zu Skellefteå an zu Växjö geschafft. Hien ass weiderhin dacks an Afrika gereest, sou datt Maputo, am Mosambik, eng Zort zweet Heemecht fir hie gouf. Do huet hien an där Zäit och ugefaangen, eng Theatertrupp opzebauen. 1996 gouf hien Direkter vum Teatro Avenida zu Maputo. E puer vu senge Bicher spillen a Mosambik.

Manner bekannt ass, datt de Mankell och eng ganz Rëtsch Kanner- a Jugendbicher geschriwwen huet. Politesch a gesellschaftlech Sujeten hunn a senge Bicher ëmmer eng wichteg Roll gespillt, wéi dat z. B. am Kriminalroman Kinesen (de.: Der Chinese) de Fall ass. Och privat huet hie sech notamment géint déi portugisesch Kolonialpolitk, d'Apartheid an d'Besetzungspolitk vun Israel engagéiert. 1991 koum mat Mördare utan ansikte (de.: Mörder ohne Gesicht säin éischte Krimi mam Kommissar Kurt Wallander eraus, engem éischter granzegen, mä grueden an autentesche Polizist. Dëse, wéi och spéider Bicher aus där Serie, haten international e grousse Succès.

Wierker (mam Titel vun der däitscher Iwwersetzung)

D'Wallander-Romaner

PublikaztiounsjoerOriginaltiteldäitschen TitelIwwersetzung vum OriginaltitelWallander-BandISBN vun der däitscher Editioun
SchwedenDäitschland
19911993Mördare utan ansikteMörder ohne GesichtMäerder ouni GesiichtBand 1ISBN 3-423-20232-7
19921993Hundarna i RigaHunde von RigaD'Hënn vu RigaBand 2ISBN 3-423-20294-7
19931995Den vita lejoninnanDie weiße LöwinDéu wäiss LéiwinBand 3ISBN 3-423-20150-9
19942001Mannen som logDer Mann, der lächelteDe Mann, dee glaacht huetBand 4ISBN 3-423-20590-3
19951999VillospårDie falsche FährteFalsch PistBand 5ISBN 3-423-20420-6
19961998Den femte kvinnanDie fünfte FrauDéi fënneft FraBand 6ISBN 3-423-20366-8
19972000Steget efterMittsommermordE Schrack hannendrunBand 7ISBN 3-423-20520-2
19982001BrandväggDie BrandmauerBrandmauerBand 8ISBN 3-423-20661-6
19992002PyramidenWallanders erster Fall und andere ErzählungenD'PyramidBand 9ISBN 3-423-20700-0
(1999)2004(Fotografens död)Der Tod des FotografenDen Doud vum Fotografaus dem Band 9ISBN 3-423-25254-5
20022003Innan frostenVor dem FrostVirum FraschtBand 1
Linda Wallander
ISBN 3-423-20831-7
20132013HandenMord im Herbst *)D'HandBand 10ISBN 978-3-552-05642-8
20092010Den orolige mannenDer Feind im SchattenDen onrouege MannBand 11ISBN 978-3-552-05496-7

*) fir d'éischt 2004 an Holland erauskomm

soss Romaner

PublikatiounsjoerOriginaltiteldäitschen TitelISBN vun der dâitscher Editioun
SchwedenDäitschland
19731998Bergsprängaren  
1974 Sandmålaren  
1977 Vettvillingen  
1979 Fångvårdskolonin som försvann  
1980 Dödsbrickan  
1981 En seglares död  
19822009Daisy SistersDaisy SistersISBN 978-3-552-05399-1
1983 Apelsinträdet  
1983 Älskade syster  
19841997Sagan om Isidor  
19902004Leopardens ögaDas Auge des LeopardenISBN 3-423-13424-0
19922000Katten som älskade regnEin Kater schwarz wie die Nacht]ISBN 3-7891-4224-7
19952000Comédia infantilDer Chronist der WindeISBN 3-423-12964-6
19951997Eldens hemlighetDas Geheimnis des FeuersISBN 3-7891-4211-5
19982007Berättelse på tidens strandDie flüsternden SeelenISBN 3-552-05335-2
1999 I sand och i lera  
2000 Labyrinten  
20002002Danslärarens återkomstDie Rückkehr des TanzlehrersISBN 3-423-20750-7
20002001Vindens sonDie rote AntilopeISBN 3-423-13075-X
20012001Eldens gåtaDas Rätsel des FeuersISBN 3-7891-4231-X
20012003Tea-BagTea-BagISBN 3-423-13326-0
20032004Jag dör, men minnet leverIch sterbe, aber die Erinnerung lebtISBN 3-423-13479-8
20042005DjupTiefeISBN 3-423-20978-X
2005Butterfly BluesISBN 3-423-13290-6
20052006Kennedys hjärnaKennedys HirnISBN 3-552-05347-6
20062007Italienska skorDie italienischen SchuheISBN 3-552-05415-4
20072008Eldens VredeDer Zorn des FeuersISBN 978-3-7891-4278-9
20082008KinesenDer ChineseISBN 978-3-552-05436-3
20112012Minnet av en smutsig ängelErinnerung an einen schmutzigen EngelISBN 978-3-552-05579-7

Theaterstécker (an däitscher Iwwersetzung)

  • Butterfly Blues
  • Zeit im Dunkeln
  • Antilopen
  • Der gewissenlose Mörder Hasse Karlsson enthüllt die entsetzliche Wahrheit, wie die Frau über der Eisenbahnbrücke zu Tode gekommen ist
  • Der Chronist der Winde
  • The Doors, mam Theater Avenido vu Maputo] 2011

Kannerbicher

  • Katten som älskade regn, 1992 (de: Ein Kater schwarz wie die Nacht, 2000).
  • Hunden som sprang mot en stjärna, 1990 de.: Der Hund, der unterwegs zu einem Stern war, 1992 (Joel Band 1)
  • de.: Die Schatten wachsen in der Dämmerung, 1994 (Joel Band 2)
  • de.: Der Junge, der im Schnee schlief, 1998 (Joel Band 3)
  • de.: Die Reise ans Ende der Welt, 1998 (Joel Band 4)

Literatur

  • Rainer Sens: Dem Kommissar auf der Spur. Stein, Welver, 2003. ISBN 978-3-89392-532-2
  • Henning Heske: Die Globalisierung des Verbrechens. Über die Kriminalromane von Henning Mankell. In: ders. (Hg.): Fausts Phiole. Über Poesie und Wissenschaft. Bernstein, Bonn, 2006. ISBN 3-9809762-3-8
  • Kevin Keijo Kutani: Der Kriminalroman als Medium für (allgemeine) Gesellschaftskritik: Am Beispiel des schwedischen Autors Henning Mankell.Diplomica Verlag, Hamburg, 2014. ISBN 978-3842895263.
  • Kirsten Jacobsen: Mankell über Mankell. Kurt Wallander und der Zustand der Welt. Zsolnay, Wien 2013, ISBN 978-3-552-05640-4 (Biografie)

Um Spaweck

Commons: Henning Mankell – Biller, Videoen oder Audiodateien