Henry Ford

Den Henry Ford, gebuer den 30. Juli 1863 zu Dearborn (Michigan) a gestuerwen de 7. Abrëll 1947 zu Detroit, war een US-amerikaneschen Industriellen.

Henry Ford
Gebuer30. Juli 1863
Gestuerwen7. Abrëll 1947
Doudesursaachintrazerebral Bluddung
NationalitéitUSA
AktivitéitEntreprener, Erfinder, Schrëftsteller, Politiker, Autospilot, Journalist, Industriellen, Geschäftsmagnat

Vu senger Jugend un huet sech den Henry Ford fir technesch Saachen intresséiert. Um Ufank vu senger berufflecher Aktivitéit war hie Maschinist an duerno Ingenieur bei der Edison-Illuminating Company zu Detroit.

1892 huet hie säin éischten Automobil gebaut, an 1896 schonn eng weesentlech verbessert Versioun, déi hien a senger 1903 gegrënnter Ford Motor Company zur berüümter Tin Lizzy oder och nach Ford T weiderentwéckelt huet.

D'Verméigen dat hien am Laf vu sengem Liewe geschaaft hat, huet hie gréisstendeels Stëftungen zur Verfügung gestallt, wéi der Ford Foundatioun fir Friddenssécherung (1936).

Um Spaweck

Commons: Henry Ford – Biller, Videoen oder Audiodateien