Joseph Barbera

De Joseph Barbera, gebuer de 24. Mäerz 1911 zu New York, a gestuerwen den 18. Dezember 2006 zu Los Angeles war en US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.

Joseph Barbera
Gebuer24. Mäerz 1911
New York
Gestuerwen18. Dezember 2006
Studio City
NationalitéitUSA
EducatiounPratt Institute
AktivitéitFilmproduzent, Filmregisseur, Animateur, Dréibuchauteur, Delegéierte Produzent, Televisiounsproduzent

De Barbera huet an den 1920er Jore fir d'éischt niewelaanscht Cartooner u verschidden Zäitschrëfte vekaf. Duerno huet en als Gag-Auteur vun engem Zeechentrick-Studio geschafft. 1931 huet en ugefaangen als Animateur ze schaffen.

1937 goung e bei d'MGM. Hei huet hien de William Hanna kennegeléiert. Zesummen hu si d'Aventurë vum Tom and Jerry erfonnt an och déi vun de Flintstones (dt: Familie Feuerstein; fr: Les Pierrafeu), the Jetsons, de Scoobi-Doo an dem Yogi Bear. 1955 huet e mam Barbera d'Hanna-Barbera-Studioe gegrënnt.

De Joseph Barbera ass den 18. Dezember 2006 am Alter vu 95 Joer zu Los Angeles gestuerwen, fënnef Joer no sengem Kolleeg William Hanna.

Bibliographesches

  • Ted Sennett: The Art of Hanna-Barbera. Fifty Years of Creativity, Viking Studio Books, 1989

Kuriéises

Zu Jette, an der Haaptstadregioun Bréissel, gëtt et eng Strooss "Clos Tom et Jerry".

Um Spaweck

Commons: Joseph Barbera – Biller, Videoen oder Audiodateien