Juan Perón

fréiere President vun Argentinien

De Juan Domingo Perón Sosa, gebuer den 8. Oktober 1895 zu Lobos, a gestuerwen den 1. Juli 1974 zu Olivos, an der Provënz Buenos Aires, war en argentinesche Militär a Politiker, an zweemol President vun Argentinien.

Juan Perón
GebuertsnummJuan Domingo Perón
Gebuer8. Oktober 1895
Lobos
Gestuerwen1. Juli 1974
NationalitéitArgentinien
EducatiounColegio Militar de la Nación
AktivitéitOffizéier, Politiker
ParteiPartido Justicialista
Famill
Bestuet matAurelia Gabriela Tizón de Perón, Eva Perón, Isabel Martínez de Perón

Nodeems e Generol a Minister an enger Militärregierung war, huet hien 1946 d'Presidentschaftswale gewonnen a gouf 1951 erëmgewielt. 1955 gouf e vum Militär gestierzt. E puer Méint viru sengem Doud gouf hien am September 1973 nees als President gewielt.

Seng zweet Fra war d'Evita Perón, déi och weltbekannt gouf.

Literatur

  • Ernesto López: El primer Perón. El militar antes que el político. Capital Intelectual, Buenos Aires 2009, ISBN 978-987-614-170-3.
  • Juan Ovidio Zavala: Amor y violencia. La verdadera historia de Perón y Nelly Rivas. Editorial Planeta, Buenos Aires 2014, ISBN 978-95-049-4241-2.

Um Spaweck

Commons: Juan Perón – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen