Lëtzebuerger Distrikter

fréier Verwaltungsdivisiounen zu Lëtzebuerg

D'Distrikter waren zu Lëtzebuerg bis den 3. Oktober 2015 eng administrativ Ënnerdeelung vum Land. Si goufen 1843 geschaaft[1], fir - iwwer d'Distriktskommissariat - als Schnëttstell tëscht de Gemengen an dem Inneministère ze déngen. 2015 goufe s'ofgeschaaft an d'Personal vum Inneministère iwwerholl.[2]. D'Koordinatioun mat de Gemenge geschitt ewell direkt iwwer e Service am Inneministère[3].

Déi fréier Lëtzebuerger Distrikter

Et gouf hirer dräi, déi sech sou zesummegesat hunn:

  1. Distrikt Dikrech
  2. Distrikt Gréiwemaacher
  3. Distrikt Lëtzebuerg

Vun 1857 bis 1867 gouf et zousätzlech en Distrikt Miersch, mat de Kantone Miersch a Réiden[4],[5].

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Lëtzebuerger Distrikter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen