La Défense


La Défense ass e Geschäftsquartier an der Metropolregioun Paräis am Departement Hauts-de-Seine, dee gréissten an Europa vun der Gréisst vu sengem Bürospark hier, an enger Analys vun CBRE (de gréissten Déngschtleeschter am Immobiliesekteur) no, ass et och den éischte Geschäftsquartier op der Welt, wat de Volume vu finanziellen Aktivitéiten ugeet (an dat viru London mam Canary Wharf, New York, Shanghai a Singapur.[1]

La Défense
Verwaltung
LandFrankräich
RegiounÎle-de-France
DepartementHauts-de-Seine
GemengPuteaux
Courbevoie
Nanterre
La Garenne-Colombes
Geographie
Koordinaten48°53'30"N, 2°14'27"O
Transport
GareLa Défense - Grande Arche

Am Quartier ass de Sëtz vu ville franséischen an auslännesche Firme wéi och vun der europäescher Bankenautoritéit (EBA). E läit nordwestlech vu Paräis, am Departement Hauts-de-Seine, op den Territoirë vun de Gemenge Puteaux, Courbevoie, Nanterre a La Garenne-Colombes, um westlechen Enn vun der historescher Achs déi am Palais du Louvre ufänkt, a virugeet iwwer d'Avenue des Champs-Élysées, den Arc de Triomphe de l'Étoile a weider iwwer de Pont de Neuilly bis bei d'Arche de la Défense.

Educatioun

De Pôle universitaire Léonard-de-Vinci regruppéiert 4 Geschäftsschoulen: EDC Paris Business School, ESSEC Business School, ICN Business School an IÉSEG School of Management, souwéi d'École européenne Paris La Défense, eng international Primärschoul a Sekundärschoul, déi am Joer 2020 als Europäesch Schoul akkreditéiert gouf.

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.