Liicht

fir Mënsche siichtbare Beräich vun der elektromagnéitescher Stralung
Dës Säit beschäftegt sech mat dem siichtbare Beräich vun der elektromagnéitescher Stralung: Liicht. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Liicht (Homonymie).

D'Liicht ass dee fir Mënsche siichtbare Beräich vun der elektromagnéitescher Stralung. Dësen erstreckt sech vu ronn 380 bis 780 nm Wellelängt, wat enger Frequenz vu ronn 789 bis 385 THz entsprécht. Eng genee Grenz léisst sech awer net definéieren, well d'Empfindlechkeet vum mënschlechen A net op ee Schlag, mä no an no ofhëlt. Déi un d'visuellt Liicht ugrenzend Beräicher vun der Infrarout- (Wellelängt tëscht 780 nm an 1 mm) an d'Ultraviolettstralung (Wellelängt tëscht 10 nm an 380 nm) ginn dacks och als Liicht bezeechent.

Dat visuellt Liicht ass en Deel vum elektromagnéitesche Spektrum. (Vu lénks no riets: Gammastralung, Röntgenstralung, UV, visuellt Liicht, IR, Radiowellen)
De Spektrum vun der elektromagnéitescher Stralung

An der Physik steet de Begrëff „Liicht“ och fir de ganzen elektromagnéitesche Wellespektrum. Liichtverhältnesser a Phenomeener vun der Physiologie ginn ënner Hellegkeet zesummegefaasst.

Gréissten an Eenheeten

  • Wéi den Albert Einstein a senger spezieller Relativitéitstheorie postuléiert huet, ass d'Liichtvitess (c) onofhängeg vun der Beweegung vun der Quell oder vum Beobachter. Si fält a Medie géintiwwer vun der Vakuumsliichtvitess of. Si läit am Vakuum bei 299.792.458 Meter pro Sekonn.
  • D'Liichtfaarf ass ofhängeg vun der Wellelängt vum Liicht, déi indirekt proportionell zu der Energie vun de Liichtquanten ass.
  • D'Polarisatioun vum Liicht beschreift d'Orientéierung vun den elektresche respektiv magnéitesche Feldvektore vum Liicht am Raum.
  • Liichtstroum: Eenheet = Lumen
  • Liichtstäerkt: Eenheet = Candela
  • Beliichtungsstäerkt: Eenheet = Lux

Literatur

  • Albert Einstein: Über einen die Erzeugung und Verwandlung des Lichtes betreffenden heuristischen Gesichtspunkt. In: Annalen der Physik. 1905, S. 132–148. Mat dësem Schreiwen hat den Einstein de Wellen-Deelchen-Dualismus vum Liicht begrënnt.
  • Rolf Heilmann: Licht. Die faszinierende Geschichte eines Phänomens, Herbig, München 2013, ISBN 978-3-7766-2711-4.
  • Klaus Hentschel: Einstein und die Lichtquantenhypothese. In: Naturwissenschaftliche Rundschau. 58, 6, 2005, ISSN 0028-1050, S. 311–319.
  • Thomas Walther, Herbert Walther: Was ist Licht? Von der klassischen Optik zu Quantenoptik. Beck, München 1999, ISBN 3-406-44722-8.
  • Sidney Perkowitz: Eine kurze Geschichte des Lichts. Die Erforschung eines Mysteriums. Deutscher Taschenbuch Verlag, München 1998, ISBN 3-423-33020-1.
  • George H. Rieke: Detection of Light – From the Ultraviolet to the Submillimeter. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2003, ISBN 0-521-81636-X.
  • Wolfgang Schivelbusch: Lichtblicke: Zur Geschichte der künstlichen Helligkeit im 19. Jahrhundert. Fischer Taschenbuch, Frankfurt am Main 2004, ISBN 978-3-596-16180-5.

Kuckt och

  • Refraktioun
  • Reflexioun

Um Spaweck

Commons: Liicht – Biller, Videoen oder Audiodateien