Regierung Frieden-Bettel

Koalitiounsregierung

D'Regierung Frieden-Bettel ass zanter dem 17. November 2023 eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi aus de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si baséiert um Koalitiounsaccord, deen de 15. November 2023 vun deenen zwou Parteien op ausseruerdentleche Kongresser guttgeheescht[1],[2] an deen Dag drop ënnerschriwwe gouf[3]. Regierungschef ass de Luc Frieden (CSV), Vizepremier de Xavier Bettel (DP).

Et ass fir d'éischt zanter 19 Joer datt, no der Regierung Juncker-Polfer (1999-2004), eng CSV-DP Koalitioun d'Regierung stellt.

Si besteet aus 15 Ministeren.[4]

Zesummesetzung

Regierung Frieden - Bettel
(Stand: 17. November 2023)
FotoNummParteiPortefeuille(n)Bemierkungen
Luc FriedenCSVPremierminister; Minister fir Medien a Kommunikatioun
Xavier BettelDPVize-Premier an Ausseminister; Minister fir den Aussenhandel a fir d'Groussregioun
Martine HansenCSVMinistesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
Claude MeischDPMinister fir d'Educatioun, Kanner a Jugend; Minister fir de Logement an d'Landesplanung
Lex DellesDPMinister fir Ekonomie, Kleng- a Mëttelbetriber, fir Energie a fir Tourismus
Yuriko BackesDPMinistesch fir Verdeedegung; Ministesch fir Gläichstellung; Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten
Max HahnDPMinister fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an Accueil
Gilles RothCSVFinanzminister
Martine DeprezCSVMinistesch fir Gesondheet, a sozial Sécherheet
Léon GlodenCSVInneminister
Stéphanie ObertinDPMinistesch fir Digitaliséierung; Ministesch fir Fuerschung an Héichschoulen
Georges MischoCSVSportminister; Aarbechtsminster
Serge WilmesCSVËmweltminister a Minister fir Klima a Biodiversitéit; Minister vun der Fonction publique
Elisabeth MargueCSVJustizministesch; Delegéiert Ministesch vum Premierminister fir d'Ressorte Medien a Kommunikatioun; Delegéiert Ministesch vum Premierminister fir d'Bezéiunge mam Parlament.
Eric ThillDPKulturminister; Delegéierte Minister fir Tourismus

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen