Ministère du Travail

lëtzebuergesche Ministère

Den Aarbechtsministère (fr: Ministère du Travail) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee sech ëm d'Beschäftegungspolitik, d'Aarbechtsrecht an de Sozialdialog an ëm d'Sozial- a Solidarwirtschaft këmmert.

Ministère du Travail
Aarbechtsministère
LandLëtzebuerg
MinisterGeorges Mischo
VerwaltungssëtzLëtzebuerg
Adress26, rue Sainte-Zithe L-2763 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/demLëtzebuerger Regierung
Um Spaweckhttps://mt.gouvernement.lu/

Allgemenges

De Ministère definéiert déi strateegesch Ziler an de genannte Beräicher a koordinéiert hir Ëmsetzung. E këmmert sech absënns ëm d'Aarbechtsrecht an d'Aarbechtsbedingungen am nationalen an europäesche Beräich, ëm d'Aarbechtsrecht, d'Interimsaarbecht, d'Sozial Responsabilitéit vun den Entreprisen (Corporate Social Responsibility), de Konjunkturkommitee, d'Relatioune mat der Chambre des salariés, asw.

Kompetenz vum Aarbechtsministère

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Aarbechtsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.

  • Aarbechtsrecht an -konditiounen; nationaalt an europäescht Aarbechtsrecht; Gesetzgebung iwwer de Biergbau; Code du travail a Geneemegungen an deem Kontext; Interimsaarbecht; sozial Verantwortung vun den Entreprisen; Konjunkturkommitee; Relatioune mat der Chamber Of Commerce; Office national de conciliation; Conseil « Emploi, politique sociale, santé et consommateurs » (EPSCO)
  • Beschäftegungspolitik; Beschäftegungsfong; Spezialkommissioun fir d'Nei-Ënnersichung vun den Entschiedegunge fir aarbechtslos an handicapéiert Leit; Gemëscht Kommissioun fir reklasséiert Aarbechter; Koordinatioun vun der nationaler Politik vun der Beruffsberodung; sozial Initiativen; europäesche Sozialfong; EU-Beschäftegungskommitee; Beschäftegung vun handicapéierte Leit; Orientatiouns- a Reklassementskommissioun
  • Sozial- a Solidarwirtschaft
  • Bezéiunge mat der internationaler Aarbechtsorganisatioun; OECD-Beschäftegungkommitee; Europarot (Aarbechts- a Beschäftegungspolitik)
  • Representatioun vun der Regierung an de Verwaltungsréit vun der Fondation européenne pour l'amélioration des conditions de vie et de travail an der Agence européenne pour la sécurité et la santé au travail
  • permanente Kommitee fir Aarbecht a Beschäftegung
  • Réseau d'étude sur le marché du travail et de l'emploi
  • Aarbechtsinspektioun
  • Aarbechtsagence
  • Héichschoul fir Aarbecht

Historique vum Ministère

Iwwer d'Jore war d'„Aarbecht“ mat anerer Ressorte kombinéiert oder deels an anere Ministèren integréiert; vun 2013 bis 2023 huet de Ministère en z. B. Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire geheescht.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ministère du Travail – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten