Niwwel (Astronomie)

Als Niwwel (laténgesch nebula vum griicheschen nephele, »Wollek«) oder Niwwelfleck gouf an der Astronomie fréier e flächefërmegen Objet bezeechent dee liicht. Dozou hunn och d'Galaxien an d'Stärekéip gehéiert, well se bei klenger Opléisung am Teleskop oder mat bloussem A als Niwwelfleck ze gesi waren.

Adlerniwwel Foto vum (Hubble-Weltraumteleskop)

Haut gëtt Bezeechnung Niwwel oder Gasniwwel bal nëmme fir interstellar Wolleken aus Stëbs a Gas gebraucht, déi jee no Aart vun hirem Liichten a verschidde Kategorien agedeelt ginn:

  • Emissiounsniwwel, déi ugereegt duerch d'Liicht vu waarme Stäre selwer Liicht aussenden, z. B. den Orionniwwel M 42.
  • Reflexiounsniwwel, déi dat ugestrahlte Liicht vun noe Stäre reflektéieren, wéi z. B. an de Plejaden M 45.
  • Rankniwwel, bei deenen déi ofgestousse Gasmäntel vum waarme Stäreniwwerrescht zum Liichten ugereegt gëtt, z. B. de Rankniwwel M 57 an der Lyra.
  • Supernovareschter, Gasmäntel déi bei enger Supernova fortgeschleidert goufen, wéi z. B. beim Krabbniwwel, an déi mat héijer Vitess op d'interstellar Matière treffen an doduerch liichten.
  • Geleeëntlech Donkelniwwelen (Donkelwollek), déi d'Liicht vun Objeten absorbéieren, déi dohanner leien, also net liichten, z. B. de Päerdskappniwwel B 33.
  • Aussergalaktesch Niwwelen: Dat sinn d'Galaxien. Am bekanntsten ass wuel den Andromedaniwwel M31, deen ongeféier sou grouss ass wéi eis Galaxie a ronn 2,3 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass.

Dat éischt systematescht Verzeechnes vun Niwwelen ass de vum Charles Messier opgestallte Messier-Katalog am Joer 1774. Ee weidert wichtegt Verzeechnes ass den New General Catalogue (NGC) vum Johan Ludvig Emil Dreyer am Joer 1888. Déi zwéi Katalogen hunn Niwwelen, Galaxien a Stärekéip opgelëscht a ginn haut nach gebraucht.

Och als Niwwel gëtt an der Astronomie de Sonnenniwwel bezeechent, d'Gaswollek, aus där sech d'Sonnesystem opgebaut soll hunn.

Literatur

  • James B. Kaler: Kosmische Wolken. Materie-Kreisläufe in der Milchstraße. Spektrum Akademischer Verlag, 1998.

Um Spaweck

Commons: Niwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien