Olympesch Summerspiller 1984

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 1984, offiziell Spiller vun der XXIII. Olympiad, goufe vum 28. Juli bis den 12. August 1984 zu Los Angeles am US-amerikanesche Bundesstaat Kalifornien organiséiert.

Spiller vun der XXIII. Olympiad
Olympesch Summerspiller
MaskottchenAadler Sam
LandUSA
StadLos Angeles
Ufanksdatum28. Juli 1984
Schlussdatum12. August 1984
opgemaach vum/vun derRonald Reagan
Olympeschen EedEdwin Moses, Sharon Weber
Olympesch FakelRafer Johnson
Kompetitiounen221 an 21 Sportaarten
Ekippen140
Athleeten6.829
Spiller virdrunOlympesch Summerspiller 1980
Spiller duernoOlympesch Summerspiller 1988
Um Spaweckhttps://olympics.com/en/olympic-games/los-angeles-1984

D'Sowjetunioun huet d’Spiller boykottéiert, well d'Sécherheet vun hiren Athleeten zu Los Angeles net garantéiert wier. 18 Staaten hu sech dem Boykott ugeschloss an hirersäits als Géigeleeschtung „Spiller vun der Frëndschaft“ organiséiert.

D'Synchronschwammen, d'Rhythmesch Sportsgymnastik, den Damme-Marathon an d'Damme-Stroossecourse am Cyclissem waren nei um olympesche Programm.

Participanten

Et hunn 140 Natioune mat am Ganze 6.829 Olympioniken (1.566 Fraen a 5.263 Männer) bei 221 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg war zu Los Angeles mat 5 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 16. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Fändelsdréier

De Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungszeremonie vun der Bouschëtzin Jeannette Goergen gedroen.

Participante pro Sportaart

Bouschéissen
Liichtathleetik
Schéissen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Olympesch Summerspiller 1984 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten