Orchideeën

D'Famill vun den Orchideeën (Orchidaceae) huet méi wéi 25.000 Aarten, opgedeelt an zirka 850 Gattungen, an ass domat, no den Asteraceae, déi zweetgréisst Planzefamill. D'Orchideeë sinn iwwer d'ganz Welt ausser an der Antarktis verbreet, mä et ass an den Trope wou hiren Aarteräichtum am gréissten ass.

Orchideeën
Dendrobium-Orchideeën
An anere Sproochenfr: Orchidées, Orchidacées
de: Orchideen, Orchideengewächse
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
RäichPlanzeräich
IwwerofdeelungSomplanzen
OfdeelungBléieplanzen
KlassLiliopsida
UerdnungAsparagales
FamillOrchideeën
Wëssenschaftlechen Numm
Orchidaceae
Juss., (1789)

Innerhalb vun de Bléieplanzen gehéiere se zu de Monokotyledonen, zu deenen och d'Grieser gehéieren.D'Orchideeë liewen a Symbios mat engem Champignon deen hir Wuerzelen emspënnt a se mat Nierstoffer aus dem Buedem versuergt.

Déi grouss Formen- a Faarwendiversitéit vun den Orchideeëbléien ass entstanen als Upassung un d'Ulackele vu Bestäuberinsekten. Vill vun hire Bléie bilden z. B. eng Landeplaz fir d'Insekten, anerer ginn sou wäit, mat hire Bléieblieder d'Form an d'Fierwung vun engem weiblechen Insekt z'imitéiere fir sou dee betreffende Männchen unzelackelen (z. B. d'Bommel).

Déi ganz Planzefamill krut hiren Numm duerch déi zwou hodefërmeg Wuerzelknolle vun der Gattung Orchis (gr.: ὄρχις „Hoden“).

Kennzeechen

Trotz deene ville Kennzeechen déi ee bei den Orchideeë gesi kann, gëtt et der nëmme wéineg déi bei hinnen alleguer virkommen. Dat erkläert sech doduerch, datt déi eenzel Gattunge verschidden evolutionär Stadien erreecht hunn.

  • Ee Bléieblat (de Labellum) ass vergréissert an an der Form verännert.
  • Dat eenzegt am Laf vun der Evolutioun iwwereg gebliwwe Stëbsblat (Staubblatt) ass mat dem Stempel (weiblecht Organ) zu enger Sail verwuess.
  • D'Pollebeidele sinn zu engem Pak zesumme gewuess.
  • Et gëtt vill ganz klenge Som produzéiert, deen nëmme keime kann, wann e mat engem Champignon verbonne ass.
  • D'Orchideeëwuerzel lieft an obligatorescher Symbios mat deem Champignon.
  • Wärend der Entwécklung, virun hirer Entfalung, dréint d'Bléi sech ëm 180° (heiannsdo ëm 360°). Dës Dréiung gëtt als Resupinatioun bezeechent.

Wuesstumsformen

Orchideeë wuessen:

  • epiphytesch, op anere Planzen (awer net als Parasit)
  • terrestresch, um Buedem
  • lithophytesch, op Fielsen oder Steng

Méi wéi d'Hallschent vun den tropeschen Aarte lieft epiphytesch.

Orchideeën zu Lëtzebuerg

Eng Coeloglossum viride-Orchidee

Am Land goufe bis haut 46 Orchideeënaarten nogewisen, wouvun awer 10 ausgestuerwe (†) sinn.

  • Aceras anthropophorum, Gehaangene Männchen;
  • Anacamptis pyramidalis;
  • Cephalanthera damasonium, Bëschvillchen; C. longifolia; C. rubra;
  • Coeloglossum viride;
  • Cypripedium calceolus †;
  • Dactylorhiza fuchsii; D. incarnata; D. maculata, Jongekraut, Kiercheschlëssel; D. majalis, Jongekraut; D. praetermissa †; Dactylorhiza sambucina †;
  • Dactylohriza incarnata subsp. cungsii, an der Kiemerchen zu Déifferdeng;[1]
  • Epipogium aphyllum, Widerbaart;
  • Epipactis atrorubens; E. helleborine; E. leptochila; E. microphylla; E. muelleri; E. palustris; E. purpurata;
  • Goodyera repens;
  • Gymnadenia conopsea, Jesushand; G. odoratissima;
  • Herminium monorchis †;
  • Himantoglossum hircinum;
  • Limodorum abortivum †;
  • Listera ovata;
  • Neottia nidus-avis, Vullennascht;
  • Ophrys apifera, Bei; O. holosericea, Bommel; O. insectifera, Jëfferchen, Méck; O. sphegodes, Afekapp, Spann;
  • Orchis coriophora (=Anteriorchis coriophora) †, O. mascula, O. militaris, Kärzeblumm; O. morio, Kéisblumm; O. palustris †; Kruuchteblumm; O. purpurea; O. simia †; O. tridentata †; O. ustulata †;
  • Platanthera bifolia, Kräizblumm; P. chlorantha, Kräizblumm;
  • Pseudorchis albida †;
  • Spiranthes aestivalis †.

Lëtzebuergesch Orchideeëfuerscher (tropesch Aarten)

Literatur

  • Mangen, J.-M., G. Colling, J.A. Massard & E. Medernach, 1997. Die Orchideen Luxemburgs. Musée national d'histoire naturelle a Société des naturalistes luxembourgeois. 143 S. Aquarellzeechnunge vum Alan Johnston. (2. geännert Oplo; 1. Oplo 1993). (Mat enger ausféierlecher Bibliographie iwwer d'Erfuerschung vun den Orchideeën zu Lëtzebuerg an och den tropeschen Aarten duerch lëtzebuergesch Botaniker).
  • Reichling, L., 1970. Die Gattung Epipactis in Luxemburg. Jahresberichte des naturwissenschaftlichen Vereins Wuppertal 23: 88-97.
  • Reichling, L. et al., 1975. Die Orchideen des Deutsch-Luxemburgischen Naturparks. Decheniana 127: 261-262.
  • Schlechter, R., 1985-2003. Die Orchideen. 4 Bd. & Regist., Blackwell Verlag, 3. Oplo, iwwerschafft vum Senghas, K.; 1985-2003.

Referenzen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Orchideeën (Orchidaceae) – Biller, Videoen oder Audiodateien