Pete Seeger

Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Peter (Pete) Seeger, gebuer den 3. Mee 1919 zu New York City a gestuerwen och do de 27. Januar 2014, war en US-amerikanesche Folkmuseker a Songwriter. Hie war e gudde Frënd vum Woody Guthrie a Grënner vun The Almanac Singers an The Weavers.

Pete Seeger
GebuertsnummPeter Seeger
Gebuer3. Mee 1919
New York
Gestuerwen27. Januar 2014
Manhattan
NationalitéitUSA
EducatiounHarvard Universitéit
AktivitéitSänger, Stroossekënschtler, Banjospiller, Musikolog, Liddermécher, Gittarist, Friddensaktivist, Discographesche Kënschtler
ParteiKommunistesch Partei vun den USA

Hien huet sech ëmmer staark politesch engagéiert gehat, géint de McCarthismus, fir d'Biergerrechter vun deene Schwaarzen an den USA, an der Friddensbeweegung géint de Vietnamkrich an och an Ëmweltbeweegungen.

Gewéinlech huet hie sech um Banjo begleet. Zu senge bekanntste Stécker zielen We Shall Overcome, Where have all the Flowers gone?, The Hammer Song (och: If I Had A Hammer) an Turn, Turn, Turn.

Um Spaweck

Commons: Pete Seeger – Biller, Videoen oder Audiodateien