Pranab Mukherjee

De Pranab Kumar Mukherjee (প্রনব কুমার মুখার্জী); gebuer den 11. Dezember 1935 zu Mirati, a Westbengalen a gestuerwen den 31. August 2020 zu Nei-Delhi, war en indesche Politiker a vum 25. Juli 2012 bis de 25. Juli 2017 de 14. President vun der Republik Indien.

Pranab Mukherjee
Gebuer11. Dezember 1935
Gestuerwen31. August 2020
Nei-Delhi
DoudesursaachCOVID-19
NationalitéitIndien
EducatiounUniversitéit vu Kalkutta
AktivitéitPolitiker, Autobiograph
ParteiIndeschen Nationalkongress

Hienn huet Droit op der University of Calcutta studéiert an huet seng Carrière als Affekot an Universitéitsdozent ugefaangen. Hien huet och Geschicht a Politikwëssenschafte studéiert.

1969 gouf hie fir d'éischt an d'Rajya Sabha gewielt an e puermol erëmgewielt, fir d'Lescht 1999. 1995-1996, an 2006 bis 2009 war hien Ausseminister. Dono gouf Finanzminister ënnert dem Premierminister Manmohan Singh, ier en da fir d'Presidentewale kandidéiert an déi gewonnen huet.

Hie war bestuet a Papp vun 3 Kanner.