Reen

Reen ass flëssegt Waasser a Form vun Drëpsen déi vu Waasserdamp aus der Atmosphär zu Wolleke kondenséieren an da falen - dat heescht, déi schwéier genuch gi si fir ënner dem Afloss vun der Schwéierkraaft ze falen. Reen ass eng Haaptkomponent vum Waasserkreeslaf a verantwortlech fir de gréissten Deel vum Séisswaasser, dat op d'Äerd kënnt. E liwwert gëeegent Konditioune fir vill Ekosystemer an och fir Waasserkraaftwierker an Irrigatioun.

Reen iwwer puer Beem

Reendrëpse banne Stëbs an Aerosolen, déi an d'Atmosphär geklomme sinn. Dës Bestanddeeler bestëmmen de pH-Wäert vum Reen. Vu Sauerem Reen schwätzt een zum Beispill, wann de pH-Wäert méi niddreg ass wéi de pH-Wäert vu rengem Waasser. Dat kënnt vir, wann Ofgase mam Waasser eng nei Verbindung aginn an de Reen zu enger liicht sauerer Léisung maachen. Dat trëtt haaptsächlech op Plazen op, an deene vill Mënsche liewen an d'Loftverschmotzung héich ass, mä och an der Ëmgéigend vun aktive Vulkaner. Sauere Reen schiedegt der Natur an der Ëmwelt an ass eng vun de Ursaache vum Bëschstierwen.

Reen ass ënnerschiddlech jee no Formatioun, Dauer, Intensitéit, Wierkung a geographeschem Virkommen. Festen Nidderschlag, wéi Knëppelsteng oder Schnéi, besteet aus gefruerenem Waasser a Kondensatiouskeimen a kann och mat Reen gemëscht falen.