Südgeorgien

Insel am Südatlantik
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Insel Südgeorgien am Atlantik. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Georgien (Homonymie).

Südgeorgien (Englesch: South Georgia, Spuenesch: Isla San Pedro oder Georgia del Sur) ass souwuel den Numm vun enger eenzeler Insel wéi och d'Bezeechnung vun der Inselgrupp, zu där se gehéiert. Den Territoire zielt politesch zum britteschen Iwwerséigebitt Südgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen. Grad wéi fir d'Falklandinselen, gëtt säi Besëtz awer vun Argentinie revendiquéiert.

Südgeorgien
Geographie
LandVereenegt Kinnekräich
Läit an/amAtlanteschen Ozean
Gehéiert zuSüdgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen
Koordinaten54°19'S, 36°39'W
Fläch3.756 km²
Längt160 km
Breet30 km
Héchste PunktMount Paget (2.934 m)
Verwaltung
VerwaltungseenheetSüdgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen
Demographie
Awunner30
Aner Informatiounen
Entdeckt1675
Genannt noGeorge III. vum Vereenegte Kinnekräich, Simon Petrus
ZäitzonUTC−4
D'Ostküst vu Südgeorgien

Den Archipel läit am Atlantik, ongeféier 1.400 km ëstlech vun der Ostküst vu Südamerika (Argentinien).

Zum Inselgebitt Südgeorgien zielen:

  • D'Haaptinsel vu Südgeorgien
  • d'Pickersgill-Inselen
  • d'Wëllkommensinselen
  • d'Willisinselen
  • d'Annenkovinsel
  • d'Bird-Insel
  • d'Cooper-Insel
  • d'Grasinsel
  • d'Clerke Rocks- a Shag Rocks-Klippen

D'Haaptinsel Südgeorgien ass ronn 160 Kilometer laang a bis zu 30 Kilometer breet. Se huet eng Fläch vun 3.756 km²[1], also iwwer 92 % vun der ganzer Landfläch vu Südgeorgien an de Südleche Sandwichinselen[2] (4.066 km²).

Um Spaweck

Commons: Südgeorgien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten