San-marineesesch Foussballnationalekipp

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
San Marino
Spëtznumm:La Serenissima, Nazionale del Titano
Federatioun:FSGC
Trainer:Franco Varrella
Meescht Matcher:Andy Selva (74)
Meescht Goler:Andy Selva (8)
Stadion:San Marino Stadium
Historesch Matcher
Éischte Match:San Marino - Schwäiz: 0-4
14. November 1990, Serravalle, San Marino
Héchst Victoire:San Marino - Liechtenstein: 1-0
28. Abrëll 2004, Serravalle, San Marino
Héchst Nidderlag:San Marino - Däitschland: 0-13
6. September 2006, Serravalle, San Marino
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'san-marineesesch Foussballnationalekipp (op Italieenesch: Nazionale di calcio di San Marino, op Romagnolesch: Naziunèl 'd palòn 'd San Maroin) ass eng Selektioun vun de beschte san-marineesesche Foussballspiller, déi vun der san-marineesescher Foussball-Federatioun (FSGC) erausgesicht ginn. Si representéiert San Marino op internationalem Niveau, zum Beispill bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA).

An der FIFA-Weltranglëscht ass d'san-marineesesch Nationalekipp op der Plaz 211, der leschter Plaz vun alle Foussballnationalekippen (Stand: 29. November 2018)[1]. D'"Serenissima" ass bekannt als eng vun de schlechtsten, wann net souguer déi schlechtst Foussballnationalekipp vun Europa a vun der ganzer Welt, déi bal ëmmer um leschte Wupp vun der Weltranglëscht war[2]. Déi eenzeg Victoire vu San Marino war den 28. Abrëll 2004, 1:0 am Frëndschaftsspill géint Liechtenstein[3],[4].

Zanter 2018 ass de Franco Varrella Haapttrainer vun der Ekipp[5].

Matcher déi d'san-marineesesch Ekipp net verluer huet

JoerDagPlazLandEkippenResultatMatch
199310. MäerzSerravalle San Marino San Marino Tierkei0:0WMQ
200125. AbrëllRiga Lettland Lettland San Marino1:1WMQ
200320. AugustVaduz Liechtenstein Liechtenstein San Marino2:2FrS
200428. AbrëllSerravalle San Marino San Marino Liechtenstein1:0FrS
201415. NovemberSerravalle San Marino San Marino Estland0:0EMQ

Notten:
WMQ: Weltmeeschterschaftsqualifikatioun
EMQ: Europameeschterschaftsqualifikatioun
FrS: Frëndschaftsspill

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: san-marineesesch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen