FIFA-Weltranglëscht
Déi sougenannt FIFA/Coca-Cola-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Foussball a gëtt vum Weltverband FIFA gefouert. Si gouf am August 1993 fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.
Am Ranking ginn nëmme Matcher aus de leschten aacht Joer berécksiichtegt, fir e besseren Iwwerbléck iwwer déi aktuell Stäerkt ze garantéieren. D'Ranglëscht gëtt eemol de Mount aktualiséiert. Gewäert ginn déi bescht siwe Matcher vun der Hären-A-Nationalekippen am Laf vun engem Joer. D'Ranglëscht gläicht dem Elo-System aus dem Schach.
Aktuell Ranglëscht vun den Hären
An der aktueller Ranglëscht (Stand: 14. Juni 2019) steet d'Belsch un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Frankräich a Brasilien.
Lëtzebuerg war am September 2018 op der 82. Plaz, déi bescht Positioun, op där se jee waren. Si ass zurzäit op der 90. Plaz mat 1265 Punkten.
Plaz | Land | Punkten |
---|---|---|
1. | Belsch | 1746 |
2. | Frankräich | 1718 |
3. | Brasilien | 1681 |
4. | England | 1652 |
5. | Portugal | 1631 |
6. | Kroatien | 1625 |
7. | Spuenien | 1617 |
8. | Uruguay | 1615 |
8. | Schwäiz | 1605 |
10. | Dänemark | 1589 |
... | ||
90. | Lëtzebuerg | 1265 |
... | ||
107.* | Färöer | 1200 |
... | ||
139.* | Andorra | 1082 |
... | ||
181.* | Malta | 939 |
... | ||
183.* | Liechtenstein | 922 |
... | ||
198.* | Gibraltar | 893 |
... | ||
211.*/** | San Marino | 839 |
Notten
- * – en europäeschen "Zwergstaat", niewent Lëtzebuerg
- ** – déi lescht Plaz
Aktuell Ranglëscht vun den Dammen
Hei gëllt eng aner Punkteberechnung (Stand: 28. September 2018); dës Lëscht gëtt nëmmen eemol pro Quartal aktualiséiert.
Lëtzebuerg ass hei op der 109. Plaz mat 1125 Punkten.
Notten:
- * – en europäeschen "Zwergstaat", niewent Lëtzebuerg
- ** – déi lescht Plaz