Santa Fe (Galápagos)

Insel am Archipel vun de Galápagosinselen

Santa Fe ass eng kleng onbewunnten Insel am Archipel vun de Galápagosinselen a gehéiert zu Ecuador. Si huet eng Fläch vu 24 km², den héchste Punkt läit op 259 m. Hiren Urspronk deen op ronn 3 Millioune Joren zeréckgeet, mécht aus hir eng vun den eelsten Insele vum Archipel. De Besuch vun Touristen ass erlaabt.

Santa Fe (Galápagos)
Geographie
LandEcuador
Läit an/amPazifeschen Ozean
Gehéiert zuGalápagosinselen
Koordinaten0°49'12"S, 90°3'36"W
Fläch24,13 km²
Verwaltung
VerwaltungseenheetProvënz Galápagos
Demographie
Awunner0
Aner Informatiounen
Genannt noKathoulesch Kierch, Samuel Barrington
ZäitzonUTC−6
Galapagos Inselen

D'Vegetatioun entsprécht där vu ganz dréchene Géigenden. Bemierkenswäert ass e Bësch aus mächtegen Opuntiakaktusse mat enorm décke Stämm. Dëse Bësch ass eemoleg op de Galápagosinselen.

Op Santa Fe liewen e Landleguan an eng Räisrat déi nëmmen op dëser Insel virkommen.

Planzen an Déieren op Santa Fe

  • Mächtege Baamcactus Opuntia echios
  • Galapagos-Landleguan Conolophus subcristatus
  • Santa Fe-Landleguan Conolophus pallidus
  • Galapagos-Séiléif Zalophus californianus var. wollebacki
  • Galapagos-Räisrat Oryzomys bauri

Naturschutz

Verwëldert Hausgeesse waren e Problem op Santa Fe, ier si 1971 konnten do ausgerott ginn.

Bibliographie

  • Galápagos, J. Kricher. Smithsonian Natural History Series. Smithsonian Institution Press. 2002.
  • Birds, Mammals and Reptiles of the Galápagos Islands. A. Swash and R. Still. A&C Black Publishers, 2nd edition, 2006.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Santa Fe (Galápagos) – Biller, Videoen oder Audiodateien