Ecuador
Staat am Nordweste vu Südamerika
D'Republik Ecuador, op Spuenesch República del Ecuador, ass e Staat am Nordweste vu Südamerika tëscht Kolumbien a Peru. Am Weste stéisst Ecuador un de Pazifik
República del Ecuador Republik Ecuador | |||||||
| |||||||
Offiziell Sprooch: | Spuenesch | ||||||
Haaptstad: | Quito | ||||||
Staatsform: | Presidialrepublik | ||||||
• President: | Daniel Noboa | ||||||
Fläch: | 256.370 km² | ||||||
Bevëlkerung: | 17.483.326 (2023) | ||||||
D'Haaptstad Quito läit an den Anden op enger Héicht vun 2.800 Meter, ongeféier 30 km südlech vum Equator.
Wéi den Numm et seet läit Ecuador um Equator, dee gréissten Deel vum Land läit awer südlech dovun.
D'Galápagos-Inselen déi zu Ecuador gehéieren, leien eng ronn 1.000 Kilometer virun der Küst.
Geographie
Geographesch deelt d'Land sech a véier Haaptregiounen op:
- Déi westlech Küstegéigend, déi aus Schwemmland besteet, an aus niddrege Bierger laanscht d'Küst. Duerch d'Küstegéigeng leeft de Río Guayas
- D'Anderegioun, déi aus zwou Gebirgskette (Andekordilleren) besteet mat engem Héichdall dertëscht, wou de Vulkanismus staark ass.
- Dat ëstlecht Amazonas-Déifland, Oriente genannt, op den Osthäng vun den Anden, an dem schwaach besiidelten ieweschten Amazonasbecken
- D'Galápagos-Inselen.
Administrativ Andeelung
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Provënzen am Ecuador.
De Pëtrol
Medien
Am Land gëtt et 11 méi grouss Dageszeitungen; déi gréisst dovun ass Extra.
Sproochen
Déi offiziell Sprooch am Land ass Spuenesch.
Literatur
- Feser, V., 2007. Ecuador, inkl. Galápagos. Michael Müller Verlag, 4. aktualisierte und erweiterte Auflage, 672 S. (Dee warscheinlech beschte Guide fir Ecuador; den Auteur lieft zanter ville Joren zu Quito).
Um Spaweck
Commons: Ecuador – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake