Stachelkéiseker

D'Stachelkéiseker sinn eng Ënnerfamill vun de Kéiseker.

Stachelkéiseker
Europäesche Kéiseker

Europäesche Kéiseker
Europäesche Kéiseker
Systematik
Räich:Déiereräich
Stamm:Chordata
Klass:Mamendéieren
Iwweruerdnung:Laurasiatheria
Uerdnung:Insektefrësser
Famill:Kéiseker
Wëssenschaftlechen Numm
Erinaceinae
Fischer“ 1817
Gattungen

Kéiseker mat klengen Oueren
Afrikanesch Kéiseker
Steppekéiseker
Kéiseker mat groussen Oueren
Wüstekéiseker

Kierperbau

D'Stachelkéiseker sinn 13 bis 27 cm grouss a weie 400 bis 1200 g.

Si hunn e klenge Schwanz, eng spatz Schnëss, relativ kleng Aen a kleng Oueren. Hir Bee si kuerz, an un all Patt hu si fënnef Zéiwe mat kräftegen Neel.

Systematik

  • Ënnerfamill Stachelkéiseker (Erinaceinae)
    • Gattung Kéiseker mat klengen Oueren (Erinaceus)
      • Europäesche Kéiseker (Erinaceus europaeus)
      • Wäissbroschtkéiseker (Erinaceus concolor)
      • Chineesesche Kéiseker (Erinaceus amurensis)
    • Gattung Afrikanesch Kéiseker (Atelerix)
      • Afrikaneschen Zwergkéiseker (A. albiventris)
      • Kapkéiseker (A. frontalis)
      • Nordafrikanesche Kéiseker (A. algirus)
      • Somalesche Kéiseker (A. algirus)
    • Gattung Steppekéiseker (Mesechinus)
      • Dauresche Kéiseker (M. dauuricus)
      • Hughs Kéiseker (M. hughii)
    • Gattung Kéiseker mat groussen Oueren (Hemiechinus)
      • Kéiseker mat groussen Oueren (H. auritus)
      • Indesche Kéiseker mat groussen Oueren (H. collaris)
    • Gattung Wüstekéiseker (Paraechinus)
      • Ethiopesche Kéiseker (P. aethiopicus)
      • Indesche Kéiseker (P. micropus)
      • Brandt Kéiseker (P. hypomelas)
      • Plakege-Bauch-Kéiseker (P. nudiventris)

Um Spaweck

Commons: Stachelkéiseker – Biller, Videoen oder Audiodateien