Stonehenge
Stonehenge ass e prehistoresscht Monument, 3 km westlech vun Amesbury, an der Salisbury Plain am Wiltshire, an England. Et besteet aus engem baussechte Rank vu vertikale Monolithen, vu ronn 4 m Héicht an 2,1 m Breet, déi jee ëm déi 25 Tonne weien; mat uewendrop horizontale Steng. Bannendrtan ass e Rank vu méi klenge Steng (Bloe Steen). An der Mëtt ass en Trilithon, d. h. zwéi vertikal Steng, déi mat engem horizontalen, deen drop läit, verbonne sinn.
Land | Vereenegt Kinnekräich |
---|---|
Koordinaten | 51°10'44,00"N, 1°49'34,00"W |
Statut | Weltierwen |
Datum vum Bau | 30. Joerhonnert v. Chr. |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1400 v. Chr. |
Dee ganze Site, deen haut just nach eng Ruin ass, ass nom Sonnenopgang vun der Summer-Solstice an dem Sonnenënnergank vun der Wanter-Solstice ausgeriicht.
Archaeologe ginn dervun aus, datt Stonehenge an e puer Phasen, tëscht 3100 v.Chr. a 1600 v. Chr., ugeluecht gouf, woubäi de groussen, baussechte Krees tëscht 2600 an 2400 v. Chr. opgeriicht gouf. De rankfërmegen Hiwwel a Gruef ronderëm d'stenge Konstruktioun ass den eelsten Deel, vun ongeféier 3100 v. Chr. D'Blo Steng hirersäits goufen tëscht 2400 an 2200 v. Chr. dohi gesat,[1] ma kéinten och schonn ëm 3000 v. Chr. do gestanen hunn.[2]
Stonehenge ass eng vun de bekanntsten archeologesche Plazen am Vereenegte Kinnekräich a steet zanter 1882 ënner Monumenteschutz,[3]> 1986 gouf et vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltierwen opgeholl.
Méiglecherweis war Stonehenge vun Ufank un eng Grafplaz.[4]
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Stonehenge – Biller, Videoen oder Audiodateien |