Stromboli

italienesche Vulkan
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Stromboli ass e Vulkan respektiv eng italieenesch Insel mat vulkaneschen Originnen am Mëttelmier, nërdlech vu Sizilien.

Stromboli
Geographie
KontinentEuropa
LandItalien
Gehéiert zuEolesch Inselen
Koordinaten38°48'14,4"N, 15°13'23,9"O
Fläch12,6 km²
Verwaltung
Demographie
Awunner450
Awunnerdatum1. Januar 2001
Aner Informatiounen
ZäitzonUTC+1, UTC+2
Nuetsfoto vum Stromboli, dee Feier späizt, ee Bild, dat d'Passagéier vu Schëffer ëmmer erëm bewonnere kënnen

D'Insel Stromboli gehéiert mat hiren Nopeschinselen Lipari, Salina, Vulcano, Panarea, Filicudi an Alicudi zur Inselgrupp vun den Eoleschen oder Lipareschen Inselen (Isole Eolie) am Tyrrhenesche Mier.

D'Héicht vun der Insel, déi sech géi aus dem Waasser erhieft, an nobäi d'Form vun engem Keegel huet, erreecht zirka 926 m. Si erstreckt sech iwwer eng Fläch vun nëmme ronn 12,6 Kilometerkaree, wat bei dëser Héicht schonn ongewéinlech ass.

Kuckeswäertes

  • Et kann een op de Stromboli eropklammen, wat allerdéngs net ongeféierlech ass
  • De Passagéier vu Croisièresschëffer, déi nuets laanscht fueren, bitt sech een aussergewéinlecht Schauspill, wann de Vulkan, vun Zäit zu Zäit stoussweis seng Äschen erausspäizt an de ganzen Himmel da rout beliicht.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Stromboli – Biller, Videoen oder Audiodateien