Surbich

Belsch-lëtzebuergesch Grenzbaach

D'Surbich (fr:Surbach, de:Sirbach) ass eng Baach am Éislek am Kanton Dikrech, an an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Surbich
D'Surbich vun der Bréck bei Tënnen flossop gesinn
Längt4,6 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
OriginnZesummelaf vun der Guémonce a
Ruisseau de Livarchamps (Revâru)
Héicht375 m
Koordinaten49° 54’ 12.06’’ N 05° 44’ 20.40’’ O
Konfluenz
Leeft anSyrbaach
PlazGossemaark LB178
Bauschelt / Sir / Tënnen
Héicht341 m
Koordinaten49° 52’ 32.20’’ N 05° 46’ 57.9’’ O
HaaptnieweflëssMilbech
Geographie
Land Belsch
Lëtzebuerg
UertschaftenHonville

Se entsteet nërdlech vun der Mille vun Honville aus dem Zesummelaf vun de Baache Guémonce a Revâru op enger Héicht vun 375 Meter.

Se leeft vun do un no Süde fir no ronn 250 Meter tëscht de Gossemaarken LB 184 an LB 185 op Lëtzebuerger Territoire ze lafen. An enger Griecht an de Bëscher leeft se dann ee Kilometer weider fir nees eng Kéier tëscht de Gossemaarken LB 181 an LB 182 an d'Belsch zeréckzelafen. Duerno leeft se ronn 3 km no Südosten, fir bei der Maark LB 178 an d'Syrbaach ze lafen.

D'Baach ass 4,6 km laang, dovu 4,4 km op lëtzebuergeschem oder hallefscheetlechem Terrain.

Chaînage

BasengNiewewebasengDirekt NieweflëssRang 3Rang 4Rang 5Rang 6
RhäinMuselSauerSyrbaachSurbichRuisseau de GuémonceRuisseau d'entre les Bois
Ruisseau de LivarchampsRuisseau de Pûboi
Florâru
Ruisseau de Noulet [1]

Notten:

Kuckt och


Um Spaweck