Tour of Qatar

Etappecourse mam Vëlo

Den Tour of Qatar ass eng Etappecourse mam Vëlo déi zanter 2002 am Katar gefuer gëtt.

D'Course gëtt vun der Vëlosfederatioun vum Katar (Qatar Cycling Federation) an Zesummenaarbecht vun Amaury Sport Organisation (A.S.O.) organiséiert.

Zanter 2005 gehéiert den Tour of Qatar zum UCI Asia Tour a rangéiert zanterhier an der Klass 2.1.

Vun 2002 bis 2006 gouf den Tour of Qatar a fënnef Etappe gefuer. 2007 ass eng sechst Etapp a Form vun engem Ekippenzäitfueren derbäikomm.

Well d'Organisateuren net genuch Sponsore fonnt hunn sinn d'Editiounen 2017 an 2018 vum Tour of Qatar a vum Ladies Tour of Qatar annuléiert ginn.[1]

Trikoten an der Course

  • Gëllenen Trikot: 1. am Generalklassement
  • Sëlweren Trikot: 1. am Punkteklassement (Sprint)
  • Bloen Trikot: 1. am Klassement vun de Jonken

D'Gewënner

JoerGewënnerZweetenDrëtten
2002 Thorsten Wilhelms Damien Nazon Rudie Kemna
2003 Alberto Loddo Olaf Pollack Ján Svorada
2004 Robert Hunter Robbie McEwen Tom Boonen
2005 Lars Michaelsen Matti Breschel Fabrizio Guidi
2006 Tom Boonen Erik Zabel Aurélien Clerc
2007 Wilfried Cretskens Tom Boonen Steven de Jongh
2008 Tom Boonen Steven de Jongh Greg Van Avermaet
2009 Tom Boonen Heinrich Haussler Roger Hammond
2010 Wouter Mol Geert Steurs Tom Boonen
2011 Mark Renshaw Heinrich Haussler Daniele Bennati
2012 Tom Boonen Tyler Farrar Juan Antonio Flecha
2013 Mark Cavendish Brent Bookwalter Taylor Phinney
2014 Niki Terpstra Tom Boonen Jürgen Roelandts
2015 Niki Terpstra Maciej Bodnar Alexander Kristoff
2016 Mark Cavendish Alexander Kristoff Greg Van Avermaet

Um Spaweck

Referenzen